De Kierfecht am Rollengergronn, oder Rollengergrënnesche Kierfecht (offiziell Cimetière de Rollingergrund) läit am Quartier Rollengergronn/Belair-Nord vun der Stad Lëtzebuerg an ass ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.
Geschicht
De Kierfecht huet virun der Gemengefusioun vun 1920 zur Gemeng Rollengergronn gehéiert[1].
Geographie
De Kierfecht läit um Wupp vum Kierchewee (montée des Tilleuls), nieft der Antoniuskierch vum Rollengergronn. Wéinst senger Lag am Hang ass en an Terrassen ugeluecht.
Monumenter um Kierfecht
Um Kierfecht hänkt eng Gedenkplack als Undenken un d'Affer vum Zweete Weltkrich.
Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten
Biller
- Um Kierfecht am Rollengergronn
-
-
-
Literatur
- ons stad 44/1993 mat enger Rei Artikelen zum Sujet „Kierfecht“
Kuckt och
Um Spaweck
Kierfechter an der Stad Lëtzebuerg |
---|
Zivil Kierfechter | |
---|
Zaldotekierfechter | |
---|
Referenzen an Notten
- ↑ (fr)Henri Beck, Bruno Baltzer, Inhumations d'hier et d'aujourd'hui. onsstad.vdl.lu (1993). Gekuckt de(n) 25.10.2021.