De Kierfecht Belle-Vue (offiziell Cimetière Belle-Vue) ass e jiddesche Kierfecht deen am Quartier Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg läit. Et ass dee gréisste jiddesche Kierfecht vum Land an ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.
Den 11. Mee 1883 huet déi jiddesch Communautéit den Terrain fir de Kierfecht kaaft, nodeems den ale Malakoff-Kierfecht a Clausen ze kleng gi war. Zanter dem 1. Januar 1884 gi keng Leit méi a Clausen bäigesat.
De Kierfecht ass méi spéit vergréissert ginn an zanter 1961 läit en an der Kompetenz vun der Stater Gemeng.
Den 30. Mee 2023 gouf en als national Kulturierfschaft klasséiert.[2]
Geographie
De Kierfecht läit am Kiischtewee (Rue des Cerisiers), um Eck mat der Rue Belle-Vue, vis-à-vis vum Arts et Métiers.
Monumenter um Kierfecht
Um Kierfecht steet e Monument als Undenken un d'Märtyrer an déi Ëmgesidelt vum Zweete Weltkrich.
Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten
Biller
- Um Lampertsbierger Juddekierfecht
-
-
-
-
Literatur
- ons stad 44/1993 mat enger Rei Artikelen zum Sujet „Kierfecht“
Kuckt och
Um Spaweck
Kierfechter an der Stad Lëtzebuerg |
---|
Zivil Kierfechter | |
---|
Zaldotekierfechter | |
---|
Referenzen an Notten
- ↑ Les cimetières juifs du Luxembourg. www.genami.org. Gekuckt de(n) 06.11.2021.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 23. Dezember 2024).