D'Kierch ass der Friddenskinnigin Maria geweit. D'Fest gëtt den 22. August gefeiert. Niewepatréiner sinn den hellege Jousef (Festdag: 19. Mäerz) an d'helleg Irmina (Festdag: 3. Januar)
Se steet zu Bouneweg an der rue du Cimetière op der Kräizung mat der rue de HesperangeCR224) an der rue Pierre Krier (CR226).
Zur fréierer Par Bouneweg gehéiert ausser der Parkierch vu Bouneweg och nach eng Willibrordus-Kapell zu Bouneweg-Nord (an der Schoul um Eck rue P. Hentges - bld de la Fraternité).
Geschicht
Well am Zweete Weltkrich d'Jousefskierch vu Bouneweg aus dem Joer 1887/88 bei engem Bombardement den 9. August 1944 zerstéiert gouf, huet missen eng nei Kierch gebaut ginn. Där hire Grondstee gouf den 23. Oktober 1949 geluecht. D'Pläng ware vun den Architekte Pierre Reuter a Léon Loschetter. D'Material dat verschafft gouf an d'Konschtwierker kommen alleguer exklusiv vu Lëtzebuerg. Se gouf de 27. Juni 1965 vun de Bëscheef Léon Lommel a Jacques Mangers souwéi dem Abt Petrus Borne vun Tholey geweit, mä se war awer schonn éischter fäerdeg an am Gebrauch.
Albert Hames: Statu vun der Tréischterin am Leed, Jousefsaltor, zwéin Amboe mat engem Relief drop, Kräizwee (mat 15 Statiounen) aus Steen, Pietà, Dafsteen, Volleksaltor mat der leschter Owesmoolzecht, Häerz-Jesu Statu