D'Kapell zu Wëntger ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Bernhard, deem säi Fest den 20. August gefeiert gëtt.
D'Kapell steet zentral an der Uertschaft an engem Säitewee vum CR332. Nieft der Kapell steet eng Lourdes-Grott.
De 6. Dezember 2024 gouf proposéiert, s'als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[1]
Geschicht
Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell an der Par Béigen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur Par Béigen huet ausser der Kapell vu Wëntger och nach d'Parkierch vu Béigen an d'Filialkierch vun Heesdref gehéiert.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 23. Dezember 2024).