D'Kierch zu Béigen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am südlechen Deel vun der Uertschaft. Nieft der Kierch sinn nach eng Rei Grafsteng vum fréiere Kierfecht ze gesinn. Deen neie Kierfecht ass zirka 80 m nërdlech vun der Kierch.
Geschicht
D'Kierch gouf 1720 ënner dem Paschtouer Jodoci gebaut. Se gouf 1721 konsekréiert.[1]
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Béigen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Béigen huet ausser der Parkierch vu Béigen och nach d'Filialkierch vun Heesdref an d'Kapell vu Wëntger gehéiert.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 154