De Jim Clemes, gebuer den 29. Juli 1957 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Architekt.
Hien huet no der Première am Escher Jongelycée op der Miami University Ëmwelt-Design (environmental design) an op der École Spéciale d'Architecture zu Paräis Architektur studéiert. Duerno huet e beim Service des sites et monuments nationaux geschafft ier en 1984 seng eege Firma gegrënnt huet, den Atelier d'Architecture et de Design Jim Clemes.[1] Do schaffen haut 55 Leit.[2]
De Jim Clemes huet eng Rëtsch Gebaier zu Lëtzebuerg entworf a schafft och am Beräich Urbanismus.
Gebaier, déi hien (zum Deel mat aneren) entworf huet, sinn ë. a.:
De Jim Clemes huet och beim Waasser-Erhuelungszentrum Les Thermes zu Stroossen matgeschafft[12], grad wéi beim Entworf vun engem neie Quartier zu Déifferdeng.[13]
Referenzen
- ↑ "Jim Clemes", Den Escher 04, September 2005, S. 12.
- ↑ "Nom: Clemes, Prénom: Jim", Index 2009: L'Index des Décideurs.
- ↑ "Banque Générale du Luxembourg", Studio Cativelli.
- ↑ "5 projets lauréats récompensés lors du prix luxembourgeois d'architecture 2004", Fondation de l'architecture et de l'ingénierie.
- ↑ "Références", Jacquemart Marbrerie.
- ↑ "Inauguration officielle de la gare de Belval", Archiduc.
- ↑ "Melia Luxembourg" Archivéiert de(n) 14.07.2011. Gekuckt de(n) 07.11.2013.
- ↑ "Kinneksbond Cultural Centre to Open over Hallowe'en Week-End", MyMosaik.lu.
- ↑ Prestatiounsbrochure op clemes.lu Archivéiert de(n) 23.08.2016. Gekuckt de(n) 08.08.2016.
- ↑ "Jim Clemes pour le château d'eau de la Cloche d'Or." paperjam.lu, 20 février 2013.
- ↑ (fr)PC8: Piste cyclable entre le quartier Esch-Belval et Esch-sur-Alzette. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 26.12.2022.
- ↑ "Les Thermes in Strassen, Luxembourg", Floornature.
- ↑ "Differdange: Un futur quartier en gestation", Le Quotidien, 23 November 2010.