Den Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) gehéiert zu de Kulturinstituter vum Staat. Et gouf duerch d'Gesetz vum 25.
Februar 2022 geschaf[1] an ersetzt, resp. iwwerhëllt d'Aufgabe vum fréiere Service des sites et monuments nationaux (SSMN).
Geschicht
Déi éischt legislativ Virschrëften iwwer d'Erhalen an de Schutz vun den nationale Landschaften a Monumenter ginn op e Gesetz vum 12. August 1927 zeréck. De Grondsteen dozou hat d'Section historique vum Institut grand-ducal geluecht, där hire President d'Regierung Reuter mat engem Gesetzesvirprojet befaasst hat, fir sou e Gesetz zu Lëtzebuerg ze schafen. Als Basis dofir huet dat franséischt Gesetz iwwer d'historesch Monumenter vun 1913 (Loi du 31 décembre 1913 sur les monuments historiques) gedéngt. Am Gesetz vun 1927 gouf d'Commission des sites et monuments nationaux an d'Liewe geruff.
Den Zweete Weltkrich, besonnesch duerch Verwüüstungen an der Ardennenoffensiv, hat vill Schied un den nationale Monumenter hannerlooss. Dat huet mat sech bruecht datt an der ëffentlecher Meenung d'Bewosstsi fir den nationale Patrimoine opgefrëscht gouf.
Duerch e ministeriellt Reglement vum 13. Mee 1971 gouf ënner dem Kulturministère de Service des monuments historiques an d'Liewe geruff. Dee Service krut d'Aufgab fir d'Moossname fir de Schutz, den Ënnerhalt an d'Restauratioun vun historesche Monumenter auszeféieren.
De Service des sites et monuments nationaux ass duerch Gesetz vum 19. September 1977 gegrënnt ginn an huet de Service des monuments historiques ersat.
De 25. Februar 2022 koum d'Gesetz iwwer de Kulturpatrimoine eraus, dat d'Aufgabe vu verschiddene Kulturinstituter vum Staat nei definéiert huet an ë. a. déi vum Institut national pour patrimoine architectural, dat de Service des sites et monuments nationaux ofléist.
Aufgaben
00
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Am Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d'Reorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat sinn am Artikel 7 d'Aufgabe vum Service des sites et monuments nationaux festgeluecht. Dës sinn, ë. a., d'Studéieren, d'Erhalen, d'Schützen an d'Opwäerte vum nationalen architektoneschen an industrielle Patrimoine, dorënner déi Gebaier an Objeten, déi op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter stinn; d'Ausféieren an d'Iwwerwaache vu Reparaturen un de Gebaier an Objeten op där Lëscht; de Public duerch Campagnen, Konferenzen an Ausstellunge fir den Denkmalschutz an déi geschützte Gebaier an Objeten ze sensibiliséieren, asw.
Mayer, Christina: Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg. Kanton Echternach, Band 1, Ministère de la Culture, Service des sites et monuments nationaux, 2010, ISBN 978-2-495-15120-7
Jochen Zenthöfer a verschidden Auteuren: Monumentum: respektvolle Erneuerung historischer Bausubstanz in Luxemburg und der Grossregion, Bd.1: Praktische Denkmalpflege, Sauvegarde du Patrimoine, 2013, 144 S., ISBN 978-999590002-1
Jochen Zenthöfer a verschidden Auteuren: Monumentum: respektvolle Erneuerung historischer Bausubstanz in Luxemburg und der Grossregion, Bd.2: Handwerkskunse, Sauvegarde du Patrimoine, 2014, 160 S., ISBN 978-99959-0-062-5
Jean-Claude Schumacher: Monuments historiques de l'industrie luxembourgeoise - Denkmäler Luxemburger Industriekulltur, Service des sites et monuments nationaux, 1997, 143 S., ISBN 2-919883-00-3