De Jaques Anquetil war ee vun de beschte franséische Coureuren a souguer ee vun de beschten iwwerhaapt. De Jacques Anquetil ass Papp vun engem Bouf an engem Meedchen.
Biographie
De Jacques Anquetil kritt seng éischt Lizenz als Vëlossportler den 2. Dezember1950 als Amateur beim A.C. Sotteville. Hien hat fir Dréier an Ajusteur geléiert wou hien och seng Meeschterprüfunge gemaach hat, huet awer haaptsächlech sengem Papp gehollef, dee Gäertner war an eng Äerdbiersziichterei hat.
Als Amateur hat hie 16 Victoiren op sengem Kont, dovu seng éischt um Prix Maurice Latour den 3. Mee1951 zu Rouen. Am Joer 1952 gewënnt hien de Prix de France, den Tour de la Manche an d'franséisch Landesmeeschterschaften op der Strooss.
Duerno ass den Anquetil Profi vun 1953 bis 1969 a gewënnt 184 Courssen.
Nodeem de Maître Jacques de Vëlo un den Nol gehaangen hat gouf hie Correspondent vun der Zeitung L'Équipe a Beroder op Europe1. Hie war och nach Directeur de Course bei Paris-Nice an am Tour Méditerranéen, an e war Member vum Comité vun der FFC. En huet och Reportage fir d'Televisioun gemaach mä seng Haaptbeschäftegung war fir op sengem Bauerebetrib, dem « Domaine des Elfes » (200 ha) bei La Neuville-Chant-d'Oise, Gentleman-Farmer ze spillen.
Op der Kräizung vun den Departementsstroossen RD36 an RD938, op der Kopp vun der Côte de la Trinité bei Châteaufort, war am Mäerz1989, nom Doud vum Coureur eng bronze Sculptur déi de Jacques Anquetil um Vëlo duergetallt huet, opgeriicht ginn. Déi gouf awer séier geklaut a gouf spéider duerch eng Sail ersat wou d'Erënnerungsplack déi Rescht blouf drop festgemaach ass.
D'Monument steet um fréiere Parcours vum Grand Prix des Nations, deen de Jacques Anquetil néngmol gewonnen hat.
« Il faut être un imbécile ou un faux-jeton pour s'imaginer qu'un cycliste professionnel qui court 235 jours par an peut tenir le coup sans stimulants. »