Hëttermillen
Hëttermillen ass eng Uertschaft an der Gemeng Stadbriedemes direkt ënner Greiweldeng, wou d'Aalbaach an d'Musel leeft. GeschichtD'Hëttermille war eng Fruuchtmille mat engem Laf a gouf duerch d'Waasser vun der Aalbaach ugedriwwen, wat ongeféier 400 m iwwer der Mille geklauscht (=gesammelt) gouf, dofir de Flouernumm "An der Klaus".[1] Den Numm krut d'Uertschaft well se tëscht de Flouerdeeler "Op der Hëtt" an "Hëtterbierg" läit, wou iwwer Joerhonnerter Kallek gebrannt gouf. 1929 gouf d'Hëttermillen duerch den "Neie Wee" laanscht d'Aalbaach mat Greiweldeng verbonnen. 1930 gouf de Millebetrib agestallt an d'Millegebaier ginn zanterhier fir Wunnzwecker benotzt. Am Laf vun der Zäit ass eng kleng Uertschaft entstane mam Numm "Op der Hëttermillen". D'Hëttermille gëtt als Uertsdeel vu Greiweldeng ugesinn. Déi aner Säit vun der Musel läit déi däitsch Uertschaft Wehr. GeographieLiteratur
Kuckt och
Um SpaweckNotten
Information related to Hëttermillen |