D'Gemeng Péiteng ass haut mat hire knapps 12 km² eng vun de flächeméisseg klengste Gemengen am Land. Mat 20.903 Awunner (1. Januar 2024) ass et awer awunnerméisseg déi fënneftgréisst[1]. Den Auslännerundeel louch 2010 bei 44,66 % [2].
D'Gemeng Péiteng läit am Dall vun der Kuer an ass ëmgi vun de Gemenge Käerjeng (fréier Nidderkäerjeng) an Déifferdeng lëtzebuergersäits, de Gemenge Longsduerf (fr: Longlaville) an Zounen (fr: Saulnes) op franséischer Säit an Éibeng (fr: Aubange) op der belscher Säit.
Un de Stroosseverkéier ass d'Gemeng ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N5, N5B, N5C, N5F, N31, den CR176 an den CR111.
Soss ass d'Gemeng nach un den ëffentleche Persounentransport ugeschloss iwwer d'Buslinnen 1, 3, 13 a 14 vum TICE a verschidde Linne vum RGTR.
Geschicht
1601 gouf d'Grenz tëscht Loutrengen a Lëtzebuerg festgeluecht: Péiteng huet dunn zu Lëtzebuerg, Rodange a Rolleng zu Loutrengen a Bar gehéiert. Zanter 1795 besteet d'Gemeng Péiteng a senger haiteger Form (Péiteng, Rodange a Rolleng (fr. Lamadelaine). De Bevëlkerungszouwuess am 19. Joerhonnert ass geschitt, wéi op den Héichte ronderëm Péiteng d'Minett exploitéiert ginn ass, wéi d'Rodanger Schmelz entstanen ass, a wéi d'Eisebunn gebaut gouf.
1906 gouf eng Gas-Beliichtung an de Stroosse vun der Gemeng a Betrib geholl. 1912 gouf d'Gemeng un d'interkommunaalt Waassernetz an 1931 un d'elektrescht Stroumnetz ugeschloss.
coupé; en chef d'azur à deux bars adossés d'or, cantonnés de quatre croisettes recroisettées au pied fiché du même; en pointe de gueules au lion d'or; à la fasce bretessée d'argent brochant sur la partition D.C.21. Mee1976 - A.M.15. November1976 - Mémorial B 1976, Säit 1425 - Projet: 1976 Jean-Claude Loutsch
Well op den 30. September 2022 méi ewéi 20.000 Leit an der Gemeng ugemellt waren, ass d'Zuel vun de Schäffen no de Gemengewale vum 11. Juni 2023 vun dräi op véier eropgesat ginn[3].
Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
De Geschichtsfuerscher aus der Gemeng Péiteng: eine Chronik aus der Dreiländerecke Petingen-Rollingen-Rodingen. Jg. 1, Nr. 1 (Jan. 2006), Péiteng: Amis de l'histoire de la commune. 24 cm, all Mount
↑ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844