Den Zappa huet uganks vun den 1960er Joren ugefaangen, Musek ze spillen. An där Zäit huet hien dacks mam Captain Beefheart zesumme gespillt. Seng éischt professionell Opname waren d'Soundtracke vun de B-FilmerThe World's Greatest Sinner a Run Home Slow. An der Mëtt vun den 1960er Jore gouf hien de Gittarist vun der Grupp The Soul Giants. Geschwënn duerno gouf hien de "Chef" an huet d'Band an "The Mothers" ëmbenannt. D'Mothers kruten e Kontrakt bei Verve Records, an hu sech missen an The Mothers of Invention ëmbenennen, well Mother eng Slang-Ofkierzung vu motherfucker war (an am Sënn vu "gutt Museker" gebraucht gouf). 1966 koum den éischten Album vun der Band, Freak Out!, eraus.
Nieft der Rockmusek war den Zappa ëmmer och um Komponéiere vun zäitgenëssescher klassescher Musek intresséiert. Seng Plack Lumpy Gravy vun 1967 war eng éischt Verëffentlechung an déi Richtung. An den 1970er Joren huet hie sech an der éischter Hallschent méi a Richtung Jazz, duerno a Richtung Rock orientéiert, mä Orchestral Favorites (1979) a seng zwou Placke mam London Symphony Orchestra (Vol. 1 (1983) en Vol. 2 (1987)) waren däitlech modern-klassesch Wierker. 1984 koum The Perfect Stranger eraus, wourop de Pierre Boulez mat sengem Ensemble InterContemporain Kompositioune vum Frank Zappa dirigéiert huet.
Virbiller vum Zappa waren den Edgar Varèse, de Karlheinz Stockhausen, Igor Strawinsky an den Anton Webern. Säi musikalesche Stil zeechent sech aus duerch onreegelméisseg a séier Tempi-wiessel, parodistesch Zitater vu Stiler oder Melodien, déi agebaut goufen, oder méi generell doduerch, datt seng Musek a keen eendeitege Stil aklasséiert ka ginn.
Wann en net op Tournée war, huet den Zappa deeglaang a sengem Studio verbruecht, wou en u sengen Opname geschafft a gefeilt huet. Hien huet reegelméisseg nei Konzepter oder Erfindungen an- an ëmgesat: Sou war hien, nom Bob Dylan (Blonde on blonde) deen Zweeten iwwerhaapt, deen eng Duebel-LP erausbruecht huet. Hien huet, ausser deenen zwee éischten, all seng Albume selwer produzéiert, an hat ëmmer dat Modernst vun Opnam-Maschinnen dat et gouf.
D'Texter vu senge Stécker hunn dacks kritesch zu politeschen oder gesellschaftlechen Theeme Stellung geholl, zum groussen Deel op eng ironesch bis sarkastesch Anerweis. Hien huet a sengen Texter géint de Krich a géint fundamentalistesch reliéis Priedeger geäussert, och allgemeng géint Klengkaréiertheet, Dommheet a (Moude)beweegungen, (Hippien, Discomusek,...) deenen d'Leit onkritesch nolafen. Aner Texter hu skuril bis surreal Welte geschaf, déi op glungenen (och alt emol sexuellen) Erliefnesser déi him oder engem Member aus senger Band geschitt sinn, baséieren. Verschidden Albumen (200 Motels, Joe's Garage 1, 2-3; Thing Fish) waren als Musical geduecht.
1985 huet de Frank Zappa um Kongress-Hearing geschwat, dee vum PMRC (Parents' Music Resource Center) organiséiert gouf, wou ë. a. d'Tipper Gore, d'Fra vum Al Gore, aktiv war. D'PMRC huet der Musekindustrie virgeworf, si géif d'amerikanesch Jugend mat "Sex, Gewalt, a Verheerlechung vun Drogen a Gewalt" verdierwen. Den Zappa huet sech bei deem Hearing fir d'musikalesch Fräiheet agesat a probéiert, dem PMRC seng Argumenter ad absurdum ze féieren an ze widderleeën. Op sengem Album FZ meets the Mothers of Prevention vun 1985 huet hien déi Episod musikalesch "verschafft".
1992 huet hien ugekënnegt, e wéilt Kandidat fir d'Presidentschaft vun den USA ginn ("Kuckt de Reagan: Kéint ech et schlëmmer maachen??" sot en an engem Interview). Geschwënn duerno huet en awer seng Kandidatur zeréckgezunn an ass duerno kaum nach opgetrueden an huet sech op d'Komponéieren, d'Ophuele vu Stécker mam Synclavier an d'Editéiere vu Live-Concertsmatschnëtter konzentréiert. En hat nämlech Prostatakriibs diagnostizéiert kritt, un deem en dann och Enn 1993 gestuerwen ass. Déi lescht CD, déi zu senge Liefzäiten erauskoum, war The Yellow Shark (1993) déi vum däitschen Ensemble Modern agespillt a vum Zappa dirigéiert gi war.
De Frank Zappa zielt haut zu deene wichtegste Komponiste vun der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert, an engem vun de grousse Rock-Gittaristen.
Den Zappa war zanter 1967 mat der Gail Zappa bestuet, déi eng Zort Comptabel a Managerin vun him war. Zesummen hate se 4 Kanner:
D'Jongen Dweezil an Ahmet si selwer Museker. Den Dweezil publiziéiert hautdesdaags dem Papp seng Wierker, déi bis ewell net verëffentlecht goufen a geet mat der Band Zappa plays Zappa op Tournée, wou e mat jonke Museker an och där, déi scho mam Frank Zappa zesumme gespillt hunn (Napoleon Murphy Brock, Steve Vai an Terry Bozzio), Wierker vum Frank Zappa opféiert.
De Frank Zappa ass am Kader vu sengen Europa-Tournéeën zweemol zu Lëtzebuerg opgetrueden: de 15. Juni 1982 an der Déifferdenger Sportshal an de 27. September 1984 an der Victor-Hugo-Hal um Stater Lampertsbierg.
Discographie
1966: Freak Out!
1967: Absolutely Free
1968: We're Only In It For The Money
1968: Lumpy Gravy
1968: Cruising With Ruben & The Jets
1969: Uncle Meat
1969: Mothermania (Kompilatioun)
1969: Hot Rats
1969: Burnt Weeny Sandwich
1970: Weasels Ripped My Flesh
1970: Chunga's Revenge
1971: Fillmore East - June 1971
1971: 200 Motels
1972: Just Another Band From L.A.
1972: Waka/Jawaka
1972: The Grand Wazoo
1973: Over-Nite Sensation
1974: Apostrophe (')
1974: Roxy & Elsewhere
1975: One Size Fits All
1975: Bongo Fury
1976: Zoot Allures
1978: Zappa In New York
1978: Studio Tan
1979: Sleep Dirt
1979: Sheik Yerbouti
1979: Orchestral Favorites
1979: Joe's Garage
1981: Tinseltown Rebellion
1981: Shut Up 'N' Play Yer Guitar
1981: You Are What You Is
1982: Ship Arriving Too Late to Save a Drowning Witch
1983: The Man From Utopia
1983: Baby Snakes
1983: London Symphony Orchestra, Vol. 1
1984: Boulez Conducts Zappa: The Perfect Stranger
1984: Them or Us
1984: Thing-Fish
1984: Francesco Zappa
1985: Frank Zappa Meets the Mothers of Prevention
1986: Does Humor Belong in Music
1986: Jazz From Hell
1987: London Symphony Orchestra, Vol. 2
1988: Guitar
1988: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 1
1988: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 2
1988: Broadway the Hard Way
1989: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 3
1991: The Best Band You Never Heard in Your Life
1991: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 4
1991: Make A Jazz Noise Here
1991: Beat the Boots
1992: Beat the Boots II
1992: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 5
1992: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 6
1992: Playground Psychotics
1993: Ahead Of Their Time
1993: The Yellow Shark
Posthum
1994: Civilization, Phaze III
1995: Strictly Commercial (Kompilatioun)
1996: The Lost Episodes
1996: Läther
1996: Frank Zappa Plays the Music of Frank Zappa: A Memorial Tribute
1997: Have I Offended Someone?
1997: Strictly Genteel (Kompilatioun)
1998: Mystery Disc
1998: Cheap Thrills (Kompilatioun)
1998: Son of Cheep Thrills (Kompilatioun)
1999: Everything Is Healing Nicely
2002: FZ:OZ
2003: Halloween (DVD-A)
2004: Joe's Corsage
2004: QuAUDIOPHILIA] (DVD-A)
2004: Joe's Domage
2005: Joe's XMAsage
2006: Imaginary Diseases
2006: Trance-Fusion
2006: The MOFO Project/Object
2006: The Frank Zappa AAAFNRAA Birthday Bundle
2007: Buffalo
2007: Wazoo
2008: One Shot Deal
2008: Joe's Menage
2008: The Frank Zappa aaa.FNR.aaa Birthday Bundle
2009: Lumpy Money
Bicher
Vum Zappa:
Zappa, Frank & Peter Occhiogrosso (1989) The real Frank Zappa book. New York: Simon & Schuster. ISBN 0-671-70572-5
Iwwer den Zappa:
Charlesworth, Chris (red) (1993) Frank Zappa in his own words. London: Omnibus Press. ISBN 0-7119-3100-3
Gray, Michael (1994) Mother! The real Frank Zappa story. London: Plexus. ISBN 0-85965-217-3
Watson, Ben (1994) Frank Zappa: the negative dialectics of poodle play. London: Quartet. ISBN 0-7043-0242-X
Video-Reportage
Ein Leben als Extravaganza - Das Genie Frank Zappa Written & Directed by Rudi Dolezal & Hannes Rossacher (DoRo, 1993, approx. 55 min.)