D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz gëtt als Linn 1 bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass se als Linn 10 bekannt[1].
Dee Plang ass bei der deemoleger Regierung net gutt ukomm, well een d'Dummeldenger Schmelz onbedéngt iwwer d'Schinn ubanne wollt.
Well deemools d'Festung Lëtzebuerg nach vun de Preise besat war, hu sech d'Regierung an den Adolphe Favier am November 1856 an enger Konventioun drop g'eenegt, den Tracé iwwer véier grouss Viaduce laanscht d'Festung ze féieren. Op déi Aart a Weis waren d'Schinnen tëscht der zukünfteger Stater Gare an der deemoleger Gemeng Eech, am Radius vun de preisesche Kanounen an et huet nëmme missen am Pafendall een Duerchbroch gemaach ginn.
Well den Dall vun der Uelzecht tëscht Dummeldeng a Miersch breet genuch ass, konnt d'Streck ouni gréisser Aarbechten op der rietser Säit vum Dall lafen. Hanner Miersch gëtt den Dall méi enk, an et hu missen eng Rei Brécke gebaut ginn, fir iwwer d'Uelzecht ze kommen. Bei Kruuchten leeft d'Uelzecht duerch eng grouss Kéier, déi duerch en Tunnel evitéiert gouf.
Fir op d'Héichte vum Éislek ze komme war eng Pente vun 0,3 % virgesinn, an de Bau vun der Streck sollt sechs Joer daueren.
D'Streck bis Ettelbréck gouf den 21. Juli1862 offiziell mat engem Spezialzuch ageweit. A Wierklechkeet waren d'Aarbechten nach net ofgeschloss an et konnt een eréischt bis Schieren fueren.
Ganz fäerdeg war d'Streck de 16. November1862, zäitgläich mat der Streck op Dikrech a gouf a Presenz vum Henri vun Oranien-Nassau ageweit. Et goufen 3 Koppelen Zich den Dag, déi 1 Stonn an 20 Minutte gebraucht hu fir d'Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck an 8 Minutte fir weider op Dikrech.
Mat der Streck a Richtung Léck gouf am September 1862 ugefaangen.
Bis de 15. Dezember1866 gouf d'Streck bis op Ëlwen gebaut[2].