Distrikt Lëtzebuerg

Kaart

rout: Kantonen am Distrikt
gro: Aner Distrikter
Basisdonnéeën
Chef-lieu:Lëtzebuerg
Fläch:904,84 km²
- Plaz:2. vun 3
Awunner:381.801[1] (01.01.2012)
- Plaz:1. vun 3
Bevëlkerungsdicht: 422 Awunner/km²

Den Distrikt Lëtzebuerg war tëscht 1843[2] an dem 3. Oktober 2015[3], wéi d'Distrikter ofgeschaaft goufen, ee vun den dräi Distrikter zu Lëtzebuerg a bestoung aus véier Kantonen:

  1. Capellen
  2. Esch-Uelzecht
  3. Lëtzebuerg
  4. Miersch

Den Distrikt Lëtzebuerg huet am Norden un den Distrikt Dikrech gegrenzt, am Osten un den Distrikt Gréiwemaacher, am Westen un d'Provënz Lëtzebuerg an der Belsch an am Süden u Loutrengen a Frankräich.

Vun 1857 bis 1867 huet de Kanton Miersch zum Distrikt Miersch gehéiert[4],[5].

Um Spaweck

Commons: Distrikt Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Statec Luxembourg - Population par canton et commune 1821 - 2012 Archivéiert de(n) 28.12.2013. Gekuckt de(n) 19.01.2013.
  2. (fr)Loi du 24 février 1843 sur l'organisation communale et des districts. legilux.lu (03.04.1843). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  3. (fr)Loi du 2 septembre 2015 portant abolition des districts (...). legilux.lu (09.09.2015). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  4. (fr)Ordonnance royale grand-ducale du 30 mai 1857 portant établissement d'un commissariat de district à Mersch. legilux.lu (03.06.1857). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  5. (fr)Loi du 4 mai 1867 portant suppression du commissariat de district de Mersch. legilux.lu (15.06.1867). Gekuckt de(n) 12.07.2020.