Dräi franséisch Gruppen, déi eng aus dem Aubrac déi aner aus den Cevennen an aus der Géigend vum Mont Mouchet hunn der däitscher Besatzung d'Liewe schwéier gemaach.
D'Departement Lozère besteet gréisstendeels aus Bierger a Koppen. Am Departement gëtt et véier grouss Biergmassiver.
De Plateau vum Aubrac
De Plateau vum Aubrac am Norwesten, läit op enger Héicht tëscht 1.000 a 1.450 Meter, an ass eng Basaltformatioun. De Klima ass kal a fiicht, a huet atlantesch Caracteristiken. Et gëtt do vill gutt Weede fir Ranner.
Monts de la Margeride
D'Monts de la Margeride am Norden an Nordweste leien op enger Héicht tëscht 1.000 a 1.550 Meter a si Granitformatiounen. Et ass eng kal Géigend déi méi dréchen ass wéi den Aubrac. An der Margeride wuessen haaptsächlech Dännebëscher.
De Plateau des Causses
De Plateau des Causses am Südwesten deelt sech op an d'Causse de Sauveterre an d'Causse Méjean. Déi zwee Gebidder gi vunenee gespléckt duerch d'Griechte vum Tarn. Et ass eng Géigend op Kallekfielsen déi dréchen ass. Et gëtt vill karsteg Formatioune mat Hielen, Triichteren am Buedem déi do Aven genannt ginn, ënnerierdesch Waasserleef a Resurgenzen.
D'Cevennen
D'Cevennen am Südweste bestinn haaptsächlech aus Schifer- a Granitformatioune mat géien Häng. De Mont Lozère huet mat dem Pic de Finiels op 1.699 Meter déi héchst Plaz am Departement. Am Süde läit de Mont Aigoual mat 1.567 m, op deem eng Wiederstatioun steet, huet vill Reen a Schnéi, an et bléist dacks a staarke Wand.