Biwels, e klengt Duerf am Naturpark Our, läit eng 3 km nërdlech vu Veianen um Stauséi vun der Our.
Dëst fréiert Bauerenduerf, dat emol eng Kéier als äermst Duerf vum Land ugesi gouf, huet sech zu engem klenge Bijou verwandelt. Wéi d'Dallspär Enn vun den 1950er an Ufank vun den 1960er Jore gebaut gouf, ass een Deel vum Duerf op engem kënschtlesche Plateau nei opgeriicht ginn. Déi nei Haiser an d'Kierch leien elo um Bord vun engem 150 m breede Stauséi, mat gréngen Hiwwele ronderëm.
Déi fréier Duerfschoul gouf 1996 zu engem Gîte rural ëmgebaut, dee sowuel Wandergruppen an Touristen, wéi och kleng Seminairen a Familljefeieren empfänke kann.
Bis 1867 huet een nach säi Liewe riskéiert, wann ee vu Veianen oder Stolzebuerg aus op Biwels wollt goen. Bis dohi gouf et just en einfache Wee, deen dacks d'Our passéiert huet.
Bis zur franséischer Revolutioun huet Biwels deels dem Grof vu Falkesteen, deels dem Grof vu Veiane gehéiert. Wéi 1816 nom Wiener Kongress déi Uertschafte lénks vun der Our däitsch goufen, gouf Biwels an d'Gemeng Stolzebuerg opgeholl. Wéi d'Gemeng Pëtschent 1826 geschaf gouf, gouf aus Biwels eng vu senge 7 Sektiounen. Biwels hat deemools nach 175 Awunner, dat sinn der Honnert méi wéi haut.
Biwels hat eng Millen, déi zanter dem Bau vum Barrage verschwonnen ass. Déi Mille war schonn den 12. Mäerz 1876 eng Kéier komplett vun engem Orkan zerstéiert ginn. Déi ganz Uertschaft hat och ferm ënner deem Orkan gelidden, dee véier Stonne gedauert hat.[6] Haut ass d'Biwelsser Millen e Camping, knapps 1 km a Richtung Veianen.
Bis 1962 krut Biwels säin Drénkwaasser aus Däitschland. De Siphon vun der Waasserleitung ënner der Our erduerch war um Floss-km 14,785, net wäit vun der aler Bréck, do wou d'Albicherbaach[7] an d'Our leeft.
1978 huet den Adrien Ries a sengem Bivelser Tagebuch[8] de Portrait vu sengem Heemechtsduerf an hiren Awunner gezeechent.
Naturwëssenschaftleches
Biologie
Zu Biwels huet de lëtzebuergesche Lichenolog Paul Diederich den 31. Juli 2005 déi nei Pilzaart Taeniolella diploschistis fonnt, déi op der Flecht Diploschistes scruposus lieft. Duerno gouf déi Aart och nach op der Kasselslay fonnt, zu Menton a Frankräich an an de Byrranga-Bierger a Russland.[9]
Mineralogie
Zwee bemierkenswäert Mineraler goufe bei Biwels fonnt.
Baryt
De Barytgank vu Biwels ass laanscht d'Strooss, déi d'Biwelsser Millen un d'Duerf Biwels laanscht de Séi verbënnt (Gauss Lëtzebuerg 81829-113362). De Michel Lucius beschreift 1948 déi éischt Versich am Joer 1857, fir dee Gestengsgank um Niveau vun der Our ze lokaliséieren, dat ouni Erfolleg.[10] Den ongeféier 1 Meter décken Opschloss respektiv Urass vum Barytgank erschéngt als wäisse Fleck op ronn 10 Meter Héicht um Schiferfiels direkt nieft der Strooss. Et ass deen déckste Barytgank an der Regioun.[11] D'Mineraliséierung weist e Sträiche vu 70°/235°N op a besteet haaptsächlech aus Plätterchersbaryt mat Presenz vu Quaarz, Siderit a Chalcopyrit. Fluoreszenzanalysen hunn Undeeler vun 90,2 % BaSO4 a 5,61 % SrSO4 erginn.[12] Et gëtt ugeholl, datt de Barytgank vu Biwels duerch déi selwecht mineralogesch Ereegnesser entstanen ass, déi d'Koffergänk an der Regioun ervirbruecht hunn.[13]
Luxembourgit
D'Luxembourgit (AgCuPbBi4Se8) gouf uganks 2012 bei Biwels, bei Buerunge fir en neie Schacht vun der SEO vun engem wëssenschaftleche Mataarbechter vum Naturmusée, dem Jean-Baptiste Burnet, entdeckt. 2019 huet d'IMA konfirméiert, datt dat neit Mineral ënnert dem proposéierten Numm Luxembourgite unerkannt gi wier. Den Naturmusée versuergt e Referenz-Stuel (Holotyp).[14]
Kuckeswäertes
Vun der Loch aus (N10): schéine Panorama op den Ourdall mat der Buerg Falkesteen am Hannergrond;
"Biwels, Biwels, hanner Juck, Falkesteen läit uewen drop" – Sproch mat deem d'Stolzber Awunner fréier déi Biwelsser provozéiert hunn.
Bibliographie
Besch, D., 2018. Vu villa bis Weiler, vu fréier bis haut : Suffixe der Luxemburger Ortsnamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XXXVIII. Luxembourg: Institut Grand-Ducal - Section de Linguistique, d'Ethnologie et d'Onomastique. 470 S.
Bornain, S., 1999. Étude de la minéralisation filonienne de cuivre de Stolzembourg (Vianden, Grand-Duché de Luxembourg). Mémoire de licence, Université catholique de Louvain, 100 pp.
Heuchert, B., Diederich, P., Zhurbenko, M. P. & Braun, U. 2019. Taeniolella diploschistis sp. nov. – a new lichenicolous fungus on Diploschistes scruposus. – Herzogia 32: 94 –100.
Jacoby, Lex, 1999. Bivels-unter-der-Our. In: Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert, S.378-389. Ed. Guy Binsfeld, Luxembourg.
Kugener, Léon, 1987. Bivels, Verträumtes Dorf vor einem Lokalerreignis. Luxemburger Wort 19.06.1987: 16.
Lucius, M., 1948. Les gîtes métallifères de l'Oesling. Revue technique 4/48, 41 pp.
Majerus, N., 1955-1963. Die Luxemburger Gemeinden nach den Weistümern, Lehenserklärungen und Prozessen. Publ. litt. et scientifiques du Ministère de l'éducation nationale du G.-D. de Luxembourg. Luxembourg: Editions Saint-Paul.
Meyers, J., 1932. Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. V. Hrsg.: Die Luxemburgische Sprachgesellschaft. Berlin: Walter de Gruyter & Co. 217 S.
Milmeister, Jean, 1966. Schloss Bivels, verschwunden oder erfunden? Revue Jg. 22, Nr. 21: 14-18 & Nr. 24:79. Luxembourg.
Milmeister, Jean, 1974. Verlassen, versunken, verschwunden: untergegangene Dörfer in Luxemburg. Revue Jg. 29, Nr. 6: 26-30. Luxembourg.
Philippo S., I. Hoffmann, A. Faber, G. Heinen, J. Schoellen, N. Schroeder, L. Blom & S. Bornain, 2007. La minéralisation en cuivre de Stolzembourg. Ferrantia 49.
Philippo, S., Hatert, F., Bruni, J. & Vignola, P., 2019. « Luxembourgite. IMA 2018-154 ». Mineralogical Magazine 83: 323-328.
Wampach, C., 1935-1955. Urkunden- und Quellenbuch zur Geschichte der altluxemburgischen Territorien bis zur burgundischen Zeit. Luxemburg: Sankt-Paulus-Druckerei.
↑Virum bau vun der Talspärr an dem Ëmbau vun Deeler vum Duerf (1958-1962) huet den ieweschten Deel vun der haiteger Rue du Lac "Ieweschtgaass" geheescht, den ënneschten "Ënneschtgaass".
↑Lucius 1948 an der Literatur: « La même année [1857] des recherches furent faites à Bivels, au niveau de l'Our, pour atteindre un filon, dont on voyait l'affleurement à la surface de la montagne; ces recherches aussi ne donnèrent aucun résultat »
↑Cf. Philippo et al. 2007: 61, 64, 67 an der Literatur
↑Den Tableau war e Bäitrag vum Lamboray fir d'Exposition internationale vun 1937 zu Paräis. Vir an der Mëtt ass d'Biwelsser Millen, am Hannergrond Biwels an uewe riets d'Buerg Falkesteen. D'Bild ass an de Sammlunge vum MNHA.