|
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Linguist an Historiker Joseph Meyers. Fir de Moler Josy Meyers, kuckt wgl. Josy Meyers.
|
De Joseph (Josy) Meyers, gebuer den 19. August 1900 zu Rodange, a gestuerwen de 5. Oktober 1964 um Lampertsbierg, war e lëtzebuergeschen Historiker a Sproochfuerscher.
Hie war Lycéesprofesser am Kolléisch, Chargé de cours op der Universitéit vu Léck an Auteur vu Studien iwwer d'Siidlungsgeschicht vu Lëtzebuerg a vu Schoulbicher iwwer d'Lëtzebuerger Geschicht. Hie war Member vun der Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal a vun der Dictionnaires-Kommissioun. Seng Spezialitéit war d'Etymologie vun den Uerts- a Flouernimm. 1960 gouf hie Conservateur-directeur vum Staatsmusée.
Wierk (Auswiel)
- Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs (mat 19 Kaarten a 5 Tabellen am Text); Lëtzebuerg (Krippler & Cie), 1976 (= 3. Oplo; 1. Oplo = 1932!).
- Geschichte Luxemburgs ; Lëtzebuerg (Verlag Paul Bruck), 1969 (= 7. Oplo); Stoung bis 1974 op der Lëscht vun de Schoulbicher zu Lëtzebuerg.
- Siedlung und Flur in Luxemburg ; in: Les Cahiers luxembourgeois, Jg. 20 (1948), Heft Nr.1, Ss. 29-34;
- Geschichte Luxemburgs ; Lëtzebuerg (Verlag "Der Freundeskreis"), 1940.
- La préhistoire et les temps des Romains au Grand-Duché de Luxembourg ; in: L'Art au Luxembourg, Bd. 1; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus-Verlag), 1966; Ss. 17-108.