Den Trémont ass besonnesch bekannt fir seng Duerstellunge vun Déieren. Vun him sinn déi zwéi Léiwe virum Gemengenhaus um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg.
Säi Liewen
Den Trémont huet virun allem zu Paräis geschafft an hien huet sech op Déiereskulpture spezialiséiert.
Den Éischte Weltkrich huet hien zu Lëtzebuerg iwwerrascht. Beim Versuch iwwer d'Schwäiz op Paräis ze goen, gouf hie vun den Däitsche verhaft. Nodeem hien entlooss gi war, koum hien op Lëtzebuerg zeréck, wou hien als Zeechner am Diddelenger Stolwierk geschafft huet. Hie gouf e Frënd vum Aloyse Meyer, dem spéidere President vun der ARBED. Mam Bläistëft an der Hand huet hien d'Aarbechter bei der Schaff studéiert.
Nom Waffestëllstand goung hien zeréck op Paräis an huet weider op der École nationale supérieure des beaux-arts studéiert. Hien huet Portraiten a Biller vu Paräis gemoolt, bis hien enges Daags d'Ménagerie (Zoo) am Jardin des plantes, besicht huet. Do huet hie säin Theema fonnt. Op d'Fro firwat hien "animalier" gouf, äntwert hien: "Wëll et dat Schwéierst war".
D'Joer 1924 war d'Joer vun den éischte Skulpturen. Hie huet seng Wierker an der "Galerie Ruhlmann", der spéiderer "Galerie Edgar Brandt" ausgestallt, souwéi an de "Galeries Malesherbes". D'1930er Jore ware seng produktiivst. Zu Paräis huet hien déi zwéi grouss Léiwe geschaaft, déi virun der Stater Märei stinn.
Den Zweete Weltkrich ass hien zu Paräis bliwwen. Bei Krichsenn koum hien op Lëtzebuerg zeréck an huet Monumenter fir d'Affer vum Krich geschaaft.
Als Undenken un den Trémont gouf duerch Beschloss vum Stater Gemengerot vum 26. Juni 1997 eng Strooss um Zens no him benannt; se verleeft vum Boulevard Charles Simonis aus a Richtung vum Karmeliter-Klouschter a stéisst do an d'Allée du Carmel.
Weber, Nic (éd.), 1993. Auguste Trémont: der Künstler, der die Tiere liebte. Éd. des Cahiers luxembourgeois, Luxemburg. 135 S. Imprimerie centrale, Luxemburg.
Schmitt, Georges, 1975. Auguste Trémont. [Photogr. de Marcel Schroeder; choix des textes: Joseph Probst]. Section des arts et des lettres de l'Institut grand-ducal. 118 p. Luxembourg.