|
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
De Constantin-Joseph-Antoine Pescatore, genannt Antoine Pescatore, gebuer de 16. Dezember 1787 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen den 31. Oktober 1858 um Scheedhaff[2], deemools an der Gemeng Sandweiler), war e Fabrikant.
Hie war vun 1817 bis 1820 Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.[3]
Vun 1842 bis 1848 war hie Member vun der Assemblée des États[4] a vun 1854 bis 1856 Deputéierten an der Chamber[5].
1845 war hie Grënnungsmember vun der Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg.
Den Antoine Pescatore gouf 1813 zu Gréiwemaacher mat der Marie Anne Beving bestuet; si hate 4 Kanner:
Referenzen
- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 2, S. 463 BNL
- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 2, S. 472 BNL
- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 2, S. 466 BNL
- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 524
- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 525
- ↑ Généalogie de Yvon CORFA op geneanet.org (fir d'lescht gekuckt de 26. Dezember 2014)