De Joseph Auguste Dutreux[1], gebuer den 30. Juni 1808 op de Siwebueren[2], gestuerwen de 24. Abrëll 1890 zu La Celle-Saint-Cloud[3],[4], war e lëtzebuergesche Jurist a Lepidopterolog.
Den 9. Mee 1836 gouf hie mat der Élisabeth Pescatore (1816-1907) bestuet.
Vun 1840[5] bis 1859 war hie "receveur général" vum Staat (direction de la caisse de l'État).
Den Dutreux war Grënnungsmember (1850) vun der Société des sciences naturelles, wou hien Tresorier (1851), duerno Sekretär (1852-1857) a schliisslech ee Joer laang President war (1858).
Hie war de Jong vum Bonaventure Dutreux-Boch (1775-1829) an de Papp vum Tony Dutreux.
Publikatiounen (Auswiel)
- Dutreux, A., 1853-1857. Index des Lépidoptères recueillis dans le Grand-Duché de Luxembourg. Bulletin de la Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, t. 1 (1853), S. 62-90; t. 2 (1854), S. 97, 98-105; t. 3 (1855), S. 144-155; t. 4 (1857), S. 134-144.
- Dutreux, A., 1853. Notice biographique sur feu M. Fr.-Auguste Tinant, membre de la société de sciences naturelles. Bulletin de la Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, 1, S. 134-137.
Literatur
- Koltz, J.P.J., 1891. Auguste Dutreux. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 1 (1891), S. 7-9. [1]
- Koltz, J.P.J., 1897. Auguste Dutreux. Notice biographique. Recueil des Mémoires et Travaux publiés par la Société Botanique du G.-D. de Luxembourg, 13(1890-1896), S. 36-40. [2]
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Numm um Gebuertsschäin aus der Gemeng Eech
- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 2, Säit 517
- ↑ 3,0 3,1 Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 2, Säit 519
- ↑ Archives départementales des Yvelines, Registre d'Etat civil - La Celle-Saint-Cloud - 2MIEC71, n° 16, 1890.
- ↑ Memorial 1840, S. 82 Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 22.03.2010.