Alexander Baumgartner
Den Alexander Baumgartner, gebuer de 27. Juni 1841 zu St. Gallen an der Schwäiz, a gestuerwen de 5. September 1910[1] an der Stad Lëtzebuerg, war e Schwäizer Jesuitt a Literaturwëssenschaftler.
De Baumgartner war 1860 an de Jesuittenuerden agetrueden. No senger Ausbildung gouf hien e reegelméissegen a wichtege Mataarbechter vun der Zäitschrëft Stimmen aus Maria Laach.[2]
Am Hierscht 1899 koum de Baumgartner op Lëtzebuerg, wou hien um Lampertsbierg am Schrëftstellerheem Bellevue, dat vun däitsche Jesuitte gebaut gi war, gelieft a geschafft huet.[3] An der Tëschenzäit hat hie sech en Numm als Literaturhistoriker gemaach. Zu Lëtzebuerg huet hien de leschte Band vu senger monumentaler Geschichte der Weltliteratur[4] fäerdeg geschriwwen. D'Publikatioun vun deem Band, deen den Ënnertitel Geschichte der italienischen Literatur dréit, huet hien net méi erlieft. Hien ass de 5. September 1910 zu Lëtzebuerg gestuerwen an den 8. September um Nikloskierfecht begruewe ginn.[3]
Säi Papp war de Schwäizer Politiker Gallus Jakob Baumgartner.
De Baumgartner ass séier zu Lëtzebuerg an de Vergiess geroden, wéi dat 1935 mat Bedaueren an der Jonghémecht festgestallt ginn ass: Der 25. Todestag Alexander Baumgartners († 5. September 1910) ist unsers Wissens hierlands gänzlich unvermerkt vorübergegangen. Und doch liegt auf unserem Liebfrauenfriedhof wohl niemand, der es zeitlebens an Berühmtheit mit dem Verfasser der "Weltliteratur" hätte aufnehmen können.[5]
Literatur
- Bautz, F.W.: Baumgartner, Alexander. In: Biographisch-bibliographisches Kirchenlexikon, Band I (1990) Spalten 424-425. [3]
- Bost, B.: "Der katholische Literaturpapst": Vor hundert Jahren starb in Luxemburg der Schweizer Jesuit Alexander Baumgartner (1841-1910), eine der markantesten Gestalten der neueren deutschen Literaturgeschichte. In: Die Warte 2010, Nr. 28/2306 (14. Oktober), S. 10-11.
- Catholic Encyclopedia (1913): Baumgartner, Alexander. [4]
- Dora, C.: Baumgartner, Alexander. In: Historisches Lexikon der Schweiz. [5]
- Kratz, W.: Baumgartner, Alexander. In Neue Deutsche Biographie, Bd.: 1 (Aachen - Behaim). Berlin 1953, S. 666. [6]
- Meyers Konversationslexikon, Autorenkollektiv, Verlag des Bibliographischen Instituts, Leipzig und Wien, Vierte Auflage, 1885-1892, 18. Band: Jahres-Supplement 1890-1891: Baumgartner, Alexander. [7]
- P.N. (Paul Noesen): P. Alex Baumgartner kommt nach Luxemburg. In: Die Warte, 2. Jg., Nr. 32/46, 20. September 1949, S. 3 (Beilage zum "Luxemburger Wort", Nr. 263, 20. Sept. 1949). [8]
- Spedener, G.: Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher 1937, 106 S. (cf. S.103).
- Syré, O. 2005. 5. September 1910 - Baumgartner Alexander † in Luxemburg. In: Kalendarium der Gesellschaft Jesu. [9]
- The Original Catholic Encyclopedia: Alexander Baumgartner. [10]
Referenzen
- ↑ De F.W. Bautz gëtt als eenzege vun alle konsultéierten Auteuren de 5. Oktober 1910 als Doudesdag un. Deen Datum ass falsch, wéi den Noruff am "Wort" vum 7. September 1910 dat beweist: Luxemburger Wort 1910, Nr. 250 (7. September), S. 2 (P. Alexander Baumgartner S.J. †). [1]
- ↑ Fir den Historique vun dëser Zäitschrëft kuckt: Stimmen der Zeit. Katholische Monatsschrift für das Geistesleben der Gegenwart
- ↑ 3,0 3,1 P.N. 1949.
- ↑ Katalog bibnet.lu [2]
Geschichte der Weltliteratur / von Alexander Baumgartner S.J. - Freiburg: Herder, 1900-1912. - 7 vol
Bd.1, Ed. 3 + 4: Die Literaturen Westasiens und der Nilländer.
Bd.2, Ed. 3 + 4: Die Literaturen Indiens und Ostasiens.
Bd.3, Ed. 1 + 2: Die griechische und lateinische Literatur des klassischen Altertums.
Bd.4, Ed. 1 + 2: Die lateinische und griechische Literatur der christlichen Völker
Bd.5, Ed. 1-4: Die französische Literatur.
Bd.6, Ed. 1-4: Die italienische Literatur.
Ergänzungsband zu 1-6, Ed. 1-4: Untersuchungen und Urteile zu den Literaturen verschiedener Völker: Gesammelte Aufsätze.
- ↑ Jonghémecht, 10 (2), Nov.-Dez. 1935, S. 54
|
|