Den Aldebaran ass de Stär α Tauri am StärebildStéier. Den Numm staamt of vum arabeschen الدبران ad-dabaran a bedeit den Nofollger, well de Stär de Plejaden um Himmel nozelafe schéngt. Hien ass en Deel vum Wantersechseck. Aner Nimm: Cor Tauri (Häerz vum Stéier), Parilicium, Palilicium
Den Aldebaran kann als ekliptiknoe Stär vum Mound bedeckt ginn. Bedeckunge vum Aldebaran duerch Planéite sinn zurzäit wéinst der Lag vun de Bunnkniet net méiglech.