De Parsec (ofgekierzt fir Parallaxesekonn, Eenheet pc) ass eng astronomeschLängteneenheet fir d'Distanzindikatioun vun Himmelskierperen. Et ass een Akronym aus dem engleschen „parallax of one arc second“.
Definéiert gëtt de Parsec als d'Distanz, vun där aus betruecht eng AE (mëttleren Ofstand vun der Äerd zu der Sonn) ënner engem Wénkel (vun der Parallax) vun enger Bousekonn, 1" = (1/3600)°, erschéngt. Domat ass 1 Parsec = 1 AE / tan (1") (kuckt Trigonometrie). Ass p d'Parallax vun engem Stär a Bousekonnen, sou kritt ee seng Distanz d a Parsec duerch d'Formel d = 1/p.
Parsec (pc)
De Parsec ass am Internationalen Eenheetesystem zanter 1978 net méi zougelooss. Trotzdeem gëllt en an der Astronomie als onverzichtbar a gëtt weider gebraucht.
De Megaparsec (Mpc) ass eng normal Eenheet fir d'Beschreiwung vun Distanzen an der extragalaktescher Astronomie. En entsprécht enger Distanz vun 3,085 677 581 28 • 1019 km (zirka 31 Zettameter) oder ronn 3,3 Millioune Liichtjoer.
E Megaparsec huet an der Astronomie eng besonnesch Bedeitung, well dat den duerchschnëttlechen Ofstand vun zwou Galaxien am Universum an hirer maximaler Gréisst ass. D'Galaxiëkéip hu Radie vun 1 bis 5 Megaparsec.
Gläichfalls ass d'Eenheet „Megaparsec“ bei der „Fluchtvitesse vun de Galaxien“ (duerch d'Expansioun vum Universum) vu Bedeitung. Dee wiisst pro Megaparsec vun hirer Distanz ëm ongeféier 71 km/s (Hubble-Konstant H ≈ 71 km s−1 Mpc−1).
Beispiller
Proxima Centauri, eisen Nopeschstär, ass ongeféier 1,3 Parsec (4,2 Liichtjoer) vun eis ewech.
D'"Lokal Grupp" - zu där eis Galaxie an de bekannten Andromedaniwwel gehéiert - erschéngt a Megaparsec uginn ganz no, nämlech 0,7 bis 2 Mpc.
De sougenannte Virgokoup mat ronn 3000 Spiralgalaxien läit ronn 22 Mpc vun eis ewech, de Comakoup 120 Mpc. Am Duerchschnëtt sinn déi Kéip 50 Mpc vuneneen ewech.