Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, American Academy of Arts and Sciences, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Académie royale de médecine de Belgique, Accademia delle Scienze di Torino
Nodeem säi Papp 1803 fréi gestuerwe war, hat den Adolphe Quetelet sech schonn a jonke Jore mat dem Opbau vu senger eegener Existenz beschäftege missen. De Quételet hat zu Gent studéiert a gouf 1815Mathematik-Dozent. Op der Universitéit Gent leet hien 1819 seng Dissertatioun iwwer Kegelschnëtter vir, De quibusdam locis geometricis nec non de curva focali.
Seng Aarbecht am statisteschen Institut an d'Bekanntschaft mat dem Mathematiker Pierre-Simon Laplace hu beim Quetelet den Interessi un der Warscheinlechkeetsrechnung waakreg gemaach. Hien huet versicht, déi Erkenntnesser och op nei Gebidder unzewenden, wéi bei der Meteorologie a beim Äerdmagnetismus.
E gudden Numm krut de Quetelet besonnesch duerch seng sozialstatistesch an anthropometresch Aarbechten. Hien hat versicht, souwuel déi physesch wéi och déi moralesch Aspekter vum individuellen a gemeinschaftleche Liewen z'ergrënnen. Dobäi goung hien dacks reng mechanesch vir, a seng Methode goufe schonn zu Liefzäiten ugezweifelt.
De Quetelet huet och verschidde wëssenschaftlech Gesellschafte gegrënnt a versicht, den internationalen Austausch ënner de Wëssenschaftler vu verschiddene Staaten ze verbesseren. Hie gëllt haut als de Grënner vun der moderner Sozialstatistik. Ënner anerem huet hien 1846 déi éischt Vollekszielung an der Belsch organiséiert. 1854 gouf hien zum auswäertege Member vun der Bayerescher Akademie vun de Wëssenschaften ernannt.
Den 20. September1824 bestit de Quetelet d'Cécile Virginie Curtet, d'Duechter vum franséischen Dokter François-Antoine Curtet zu Bréissel. Hire Salon gouf spéider zu engem Treffpunkt fir vill Geléiert a Kënschtler vun internationalem Ruff.
Positions de physique, 3 Bde., Brüssel 1827 (frz. Nodrock 2010)
Recherches sur la réproduction et la mortalité et sur la population de la Belgique, Brüssel 1832
Statistique des tribunaux de la Belgique, Brüssel 1833
(Hg.) Annales de l'observatoire de Bruxelles, Brüssel 1834 ff.
(Hg.) Annuaire de l'observatoire Royal de Bruxelles, Brüssel 1834 ff.
Sur l'homme et le développement de ses facultés, ou essai de physique sociale, 2 Bde., Paris 1835 (dt. Über den Menschen und die Entwicklung seiner Fähigkeiten1838; engl. A treatise on man and the development of his faculties)
Sur l'influence des saisons sur la mortalité aux différens ages dans la Belgique, Brüssel 1838
Sur la théorie des probabilités apliquée aux sciences morales et politique. Lettres au duc de Saxe-Coburg et Gotha, Brüssel 1846
Du système sociale et des lois qui le régissent, Paris 1848
Sur le climat de la Belgique, 2 Bde., Brüssel 1849–1857