D'Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz ass eng Verdéngschtplack, déi d'Actioun Lëtzebuergesch zanter 1984 un eng oder méi Persounen iwwerreecht, fir se fir hiren Asaz fir d'Lëtzebuergescht ze belounen. Déi eigentlech Plaquette mat den Dimensiounen 9,2×5,4 cm ass an engem breeden hëlze Kader agelooss. Si ass aus Bronze, a gëtt jee no Laureat, am Bronze, vergëllt oder versëlwert iwwerreecht. Op der Plaquette sinn, wéi den Numm et scho seet déi dräi lëtzebuergesch Dichter a Schrëftsteller Dicks, Rodange a Lentz duergestallt. Op der Récksäit ass de Logo vun der AL, d'Joreszuel vun der éischter Ausgab, d'Ursaach vun der Éierung, sou wéi den Datum vun der Iwwerreechung agravéiert. D'Plaquette gouf vun der lëtzebuergescher Medailleurskoppel Julien an Nina Lefèvre realiséiert an an den Ateliere Fibru-Fisch zu Bréissel gegoss[1].