Zousazschëld

Parkschëld mat engem Zousazschëld

En Zousazschëld mat engem Symbol oder enger Beschrëftung kann e Verkéiersschëld completéieren, wann z. B. d'Schëld, ënnert deem et hänkt, nëmme fir verschidde Kategorië vu Benotzer oder nëmmen zu verschiddenen Auerzäite gëllt.

Zu Lëtzebuerg

Am Texte coordonné vum Lëtzebuerger Code de la Route, deen an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955[1] festgehale gouf an duerno e puermol geännert gouf, sinn d'Symboler an aner Beschrëftungen am Kapitel V Voie publique, an der Sektioun IV De la signalisation routière am Artikel 107, ënner der Rubrik IX. Symboles et inscriptions additionnels beschriwwen.

Lëscht vun den Zousazschëlter

Bedeitung Bezeechnung(en) Bemierkung
1 Nëmme fir verschidde Benotzer oder Gefierer Zousazschëld Modell 1
2 Nëmme fir Liwweranten Zousazschëld Modell 2
3 Indikatioun vun enger Distanz Zousazschëld Modell 3
4 Nëmmen op gewëssen Deeg an/oder zu gewëssen Auerzäiten Zousazschëld Modell 4
5 Ausname fir verschidde Benotzer oder Gefierer (fir Verbuetsschëlter) Zousazschëld Modell 5
6 Ausname fir verschidde Benotzer oder Gefierer (fir Gebuetsschëlter) Zousazschëld Modell 6
7 Zäitlimitte fir Parkschëlter Zousazschëld Modell 7
8 Risk vu Glatäis Zousazschëld Modell 8
9 Schoulbus Zousazschëld Modell 9
10 Geféierlech Gidder Zousazschëld Modell 10

Technesch Donnéeën

All Zousazschëld zielt eenzel:
  • Verbueden ze stationéieren, ausser Camionen a Bussen tëscht 7 an 19 Auer.
  • Verbueden ze stationéieren, ausser Bussen tëscht 19 a 7 Auer.
  • Verbueden ze stationéieren, vum Potto un no lénks.

D'Zousazschëld mam Symbol oder der Beschrëftung hänkt ëmmer ënnert deem Schëld, op dat et sech bezitt. Wann ënnert engem Schëld méi wéi een Zousazschëld hänkt, da bezitt sech all Zousazschëld eenzel op dat Schëld, ëm dat et geet.

D'Symbol oder d'Beschrëftung ass schwaarz op wäissem Hannergrond, wann et net anescht festgeluecht ass; den Text kann a Minuskelen oder Majuskele geschriwwe sinn.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Zousazschëld – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Artikel 107 – IX. Symboles et inscriptions additionnels aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerunge duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 14. Februar 2019.