Verkéiersschëlter aus dem lëtzebuergesche Code de la Route
E Verkéiersschëld ass eng vertikal Signalisatioun déi vum Code de la Route virgesinn ass fir de Stroossebenotzer ze soen u wat se sech ze halen hunn, fir se virun enger Gefor ze warnen, an awer och fir hinnen et méi einfach ze maache fir sech iwwerall erëmzefannen.
Am Lëtzebuerger Code de la Route ginn d'Schëlter am Artikel 107[1] dem Gebrauch no agedeelt:
Schëlter déi z. B. e Verbuet, e Gebuet oder d'Modalitéite vum Stationéieren uweisen an déi sech op méi Stroosse bezitt déi uneneen hänken, ouni datt all Schëld no all Kräizung erëm misst widderholl ginn.
D'Schëlter aus de Kapitelen hei driwwer kënne mat Symboler oder Beschrëftunge completéiert ginn. Dës Symboler an d'Beschrëftunge ginn op en Zousazschëld geschriwwen dat ënner dem Schëld hänkt.
Lëscht vun de Verkéiersschëlter
Dëst ass d'Lëscht vun de Verkéiersschëlter wéi s'am Artikel 107(Stand: Juni 2024) opgezielt sinn