De William Wilson Morgan, gebuer den 3. Januar 1906 zu Bethesda, Tennessee, a gestuerwen den 21. Juni 1994, war en US-amerikaneschen Astronom.
Hien huet um Yerkes-Observatoire geschafft. Säin Haaptaarbechtsgebitt war d'Spektralklassifikatioun. Zesumme mam Philip Keenan entwéckelt hien d'MK-System. Unhand vun Distanzbestëmmunge vun der O- a B-Stären huet hien zesumme mam Donald Edward Osterbrock an dem Stewart Sharpless d'Spiraläerm vun der Mëllechstrooss nogewisen.
Éierungen
Och en Asteroid Nummer 3180 Morgan ass no him genannt ginn.
Um Spaweck