Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De William Ward ass als Protestant opgewuess a méi spéit Schoulmeeschter ginn. Hien ass mat engem kathoulesche Frënd a Spuenie gereest wou hie sech zum Katholizismus bekéiere gelooss huet. En ass e puermol an de Prisong komm well hie säi Glawe gepriedegt huet.
De 14. Oktober1608 huet e sech op de Wee fir zeréck an England gemaach, ass awer mam Schëff ofgedriwwe ginn an un der schottescher Küst gelant, wou e verhaft gouf a fir 3 Joer an de Prisong koum. No senger Fräiloossung ass en dunn endlech op London gaangen, wou en 30 Joer laang geschafft huet, 20 dovun a Prisongen als Confesseur. Heemlech huet hien och der kathoulescher Populatioun an den Aarmen am Allgemenge gehollef.
D'Parlament zu London huet de 7. Abrëll1641 eng Proklamatioun erausginn, déi all Priister ënner Doudesstrof verbannt huet. De William huet awer refuséiert ze goen an ass dofir de 15. Juli am Haus vu sengem Neveu verhaft ginn. Sechs Deeg méi spéit ass e viru Geriicht um Old Bailey komm, wou en och den 23. Juli zum Doud verurteelt gouf an an den Newgate Prisong koum. Hie gouf um Festdag vun der helleger Anne, där hie sech reegelméisseg higinn huet, higeriicht.