14. Oktober
De 14. Oktober ass den 287. Dag (288. am Schaltjoer ) vum Joer am Gregorianesche Kalenner .
Schluecht vun Hastings
Evenementer
Sport
1956 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 6:4 géint d'Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Henri Cirelli , ee belsche Spiller (Selbstgol), Léon Letsch , Albert Schaack (2) an Nicolas Kettel geschoss.[ 1]
1962 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint d'Belsch.[ 2]
1970 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972 0:2 géint Jugoslawien.[ 3]
1981 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Valencia 0:3 géint Spuenien.[ 4]
1986 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg , am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1988 , 0:6 géint d'Belsch.[ 5]
1998 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2000 , 0:3 géint England.[ 6]
2009 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Athen , am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010 , 1:2 géint Griicheland. Och de Gol fir d'Lëtzebuerger gouf vun engem griichesche Spiller geschoss (Selbstgol).[ 7]
Gebuer
James II./VII.
Dwight D. Eisenhower
Lillian Gish
E. E. Cummings
Roger Moore
1633 : James II. , Kinnek vun England an als James VII. Kinnek vu Schottland.
1563 : Jodocus Hondius , flammännesche Kartograph, Editeur a Globusfabrikant.
1809 : Nicolas Liez , Moler a Lithograph.
1856 : Louis-Gustave Binger , franséischen Offizéier, Explorateur a Gouverneur.
1861 : Joseph Dahlmann , däitsche Jesuittepater an Orientalist.
1877 : Joseph Oth , lëtzebuergesche Professer a Moler.
1890 : Dwight D. Eisenhower , US-amerikanesche Generol a Politiker.
1890: Louis Delluc , Novellist, Kritiker a Filmregisseur.
1893 : Lillian Gish , US-amerikanesch Schauspillerin.
1894 : E. E. Cummings , US-amerikanesche Schrëftsteller.
1894: Heinrich Lübke , däitsche Politiker, Bundespresident.
1900 : Georges Wagner , lëtzebuergesche Politiker.
1901 : Georges Lampin , franséische Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur.
1904 : Henri Koch , lëtzebuergesche Bobfuerer.
1906 : Hannah Arendt , däitsch-US-amerikanesch Politologin.
1907 : Paul Elvinger , lëtzebuergesche Politiker.
1918 : François Decker , lëtzebuergeschen Historiker.
1925 : Georges Erasme Muller , lëtzebuergeschen Neurolog an Auteur.
1927 : Roger Moore , brittesche Schauspiller.
1927: Numa Wagner , lëtzebuergesche Jurist a fréiere Member vum Staatsrot.
1928 : Edmond Jacobs , lëtzebuergesche Vëlossportler.
1928 : Edith Hancke , däitsch Schauspillerin.
1930 : Carlo Hury , lëtzebuergeschen Historiker an Archivist.
1930: Mobutu Sese Seko , President vum Zaire.
1931 : Fabrizio Cocchia , italieeneschen Architekt.
1944 : Udo Kier , däitsche Schauspiller.
1946 : François Bozizé , Zentralafrikanesche President.
1958 : Benny Reiter , lëtzebuergesch Foussballspiller a Foussballtrainer.
1971 : Frédéric Guesdon , franséische Vëlossportler.
1971: Jyrki Katainen , finnesche Politiker.
1987 : Claudio Lombardelli , lëtzebuergesche Foussballspiller.
1989 : Mia Wasikowska , australesch Schauspillerin.
1996 : Mika Herrmann , lëtzebuergeschen Handballspiller.
1999 : Eric Weber , lëtzebuergesche Volleyballspiller.
Gestuerwen
1066 : Harold II. , Kinnek vun England.
1831 : Jean-Louis Pons , franséischen Astronom.
1944 : Erwin Rommel , däitsche Generolfelmarschall.
1959 : Errol Flynn , australesch-US-amerikanesche Schauspiller.
1967 : Marcel Aymé , franséische Schrëftsteller.
1977 : Bing Crosby , US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
1980 : Jean-François Adam , franséische Schauspiller a Regisseur.
1984 : Martin Ryle , brittesche Radioastronom a Physik-Nobelpräisdréier.
1990 : Leonard Bernstein , US-amerikanesche Komponist an Dirigent.
1990 : Mars Schmit , lëtzebuergesche Konschtprofesser a Moler.
1994 : Gab Weis , lëtzebuergesche Comiczeechner.
2006 : Freddy Fender , US-amerikanesche Countrysänger.
2007 : Raymond Pellegrin , franséische Schauspiller.
2010 : Benoît Mandelbrot , franséisch-US-amerikanesche Mathematiker.
2016 : Pierre Étaix , franséische Filmregisseur a Schauspiller.
2018 : Roger Quaino , lëtzebuergesche Varieté-Kënschtler.
2020 : Rhonda Fleming , US-amerikanesch Schauspillerin.
2022 : Robbie Coltrane , brittesche Schauspiller.
2022: Ralf Wolter , däitsche Schauspiller.
2023 : Piper Laurie , US-amerikanesch Schauspillerin.
Feierdeeg
Um Spaweck
Referenzen
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 14. Oktober 1956 op der Websäit vum European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch vum 14. Oktober 1962 op der Websäit vum European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien de 14. Oktober 1970 op der Websäit vum European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Spuenien-Lëtzebuerg de 14. Oktober 1981 op der Websäit vum European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 14. Oktober 1986 op der Websäit vum European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England de 14. Oktober 1998 op der Websäit vum European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Griicheland-Lëtzebuerg de 14. Oktober 2009 op der Websäit vum European Football