|
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
D'Verena "Vreni" Schneider, gebuer de 26. November 1964 zu Elm, ass eng fréier schwäizeresch Alpinschileeferin.
Si ass déi bekanntst Schileeferin an hirem Land an ass Schwäizer Sportlerin vum Joerhonnert.
An der Saison 1988-1989 hat si 14-mol bei Kompetitioune gewonnen, ee Rekord dee bis haut nach net gebrach ass.
1995 huet si opgehale mat Schilafen a si huet elo e Sportsgeschäft an hirem Heemechtsduerf am Kanton Glarus.
Palmarès
- Gewënnerin vum Generalklassement 1989, 1994 an 1995
- Gewënnerin vum Klassement vum Riseslalom 1986, 1987, 1989, 1991 an 1995
- Gewënnerin vum Klassement vum Slalom 1989, 1990, 1992, 1993, 1994 an 1995
- Am Ganze 55 Succèse bei deene verschiddene Kompetitiounen (34 am Slalom, 20 am Riseslalom, 1 an der Kombinatioun).