D'Villa Heldenstein oder Maison Collart ass eng Villa op der Nr. 20 an der Rue des Glacis an der Stad Lëtzebuerg. D'Strooss verbënnt den Eecher Bierg (côte d'Eich) mam Lampertsbierg.
D'Villa gouf 1927 en nid d'aigle op de Fiels gebaut. D'Architekte waren de Joseph Nouveau (1883-1946) an de Léon Müller (1885-1959).
D'Haus gouf am Stil Cottage oder Arts and Crafts gebaut, woubäi och e puer Buergelementer agebaut goufen[1].
De 6. Juli 2012 gouf d'Villa an d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.
Biller
Literatur
- Schmit, A. & D. Dominguez Muller, 2019. Rue des Glacis, in: De Lampertsbierg. Histoire d'un quartier florissant. Lampertsbierger Geschichtsfrënn a.s.b.l., S. 144-145. Imprimerie Ossa, Nidderaanwen. ISBN: 978-99959-934-8-1.
Kuckt och
Referenzen an Notten
- ↑ Schmit, A. & D. Dominguez Muller, 2019. Cf. Literatur.