De 25. November1185 gouf en zu Verona als Nofollger vum Poopst Lucius III. gewielt, deen de selwechten Dag gestuerwe war. Säin Amt als Äerzbëschof vu Mailand huet en iwwerdeems behalen.
Seng Versich, mam Keeser a friddlech Gespréicher ze kommen, hate keen Erfolleg. Beim Bestietnes vun der Costanza mam Trounfolger Heinrich VI. zu Mailand huet e sech vun zwéi Kardineel vertriede gelooss. Wéi d'Stad Cremona, mam Wësse vum Poopst, géint de Keeser revoltéiert huet, gouf se vum Barbarossa ënnerworf, dee mat der Ënnerstëtzung vun der däitscher Geeschtlechkeet ëffentlech de Poopst fir den Opstand verantwortlech gemaach huet.
Nodeem den Aflossberäich vum Poopst bal nëmmen nach op Verona beschränkt war, huet hien am Sträit mat der weltlecher Muecht noginn an ass op Venedeg gereest, wou sech grad an deem Ament d'Kräizfuerer versammelt hunn. Den Heinrich VI. hat zu dëser Zäit déi ganz Lombardei ënnerworf.