Cremona ass eng italieenesch Stad mat 71.533 Awunner (2004) an der Lombardei a läit op der lénkser Säit vum Po am Po-Flaachland. Cremona ass bekannt ginn duerch d'Geiebauerfamilljen Amati, Guarneri a Stradivari. De Claudio Monteverdi ass och do gebuer a gëtt do veréiert.
Geschicht
Cremona gouf am Joer 218 v. Chr. gegrënnt, als Virposte géint d'gallesch Stämm. Duerch déi 6.000 Siidler, déi am Joer 190 v. Chr. zougezunn sinn, ass dëse Virposte gestäerkt ginn an huet sech a kuerzer Zäit an Norditalien zu enger Stad mat groussen Zukunftschancen entwéckelt. Warscheinlech war et am Joer 90 v. Chr. wou Cremona d'Rechter vun engem Municipium kritt huet.