Triny Peller

D'Triny Peller, gebuer Triny Bichler zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 22. Dezember 2011 zu Mission Viejo, Kalifornien, war eng lëtzebuergesch Zauberkëntschlerin. 1947 huet si den Albert Peller vu Pittsburgh bestuet. Si hate sech zu Heidelberg kennegeléiert, wou den Albert als Zaldot stationéiert war.
Si hu bei Los Angeles gelieft a waren an der Zauberszen aktiv. 1963 huet si de Chavez Course in Magic gemaach. Mat der Hëllef vum Channing Pollock hu si an hire Mann eng Büneshow opgebaut mat där si fir Joren opgetruede sinn.
Den Albert an Triny Peller waren aktiv a verschiddenen Zauberveräiner (zum Beispill S.A.M. an I.B.M.) an hu reegelméisseg Zauberkonferenze besicht, wéi den Desert Seminar zu Las Vegas. Si ware gutt Frënn vu berüümten Zauberer wéi Siegfried a Roy an Harry Blackstone.
Den Albert Peller ass 1989 gestuerwen an d'Triny huet seng Ierfschaft op verschidden Aart a Weis der Zauberei zoukommen gelooss. Si war dacks am Magic Castle zu Los Angeles an huet den Albert Peller Theater do finanzéiert. Si huet och en Albert Peller Hospital Fund an d'Liewen geruff, deen aarmen Zauberer soll ënner d'Äerm gräife wa se krank an al ginn.[Quell?] Dem Albert seng Kollektioun un Zauberliteratur ass eng Bibliothéik ginn. D'Triny war bekannt fir hir Ënnerstëtzung vun der Zauberei a ganz Südkalifornien.
Si huet hir lescht Joren an engem Altersheem zu Mission Viejo verbruecht, wou si verscheet ass.
Referenz
- The Linking Ring February 1996 Volume 76 Number 2.
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.