D'Verwaltungsgeriicht ((fr) Tribunal administratif) ass den ënneschten Niveau vun der Administrativer Geriichtsbarkeet zu Lëtzebuerg. Et gouf an der Folleg vun der Verfassungsrevisioun vum 12. Juli 1996[1] mam Gesetz vum 7. November 1996 geschaf[2].
Kompetenz
D'Verwaltungsgeriicht ass an éischter Instanz zoustänneg fir:
- Appeller géint individuell administrativ Decisioune vu staatlechen a kommunalen Autoritéiten a vu bestëmmten anere moralesch Persounen, déi ënner den Droit public falen;
- direkt Appeller géint administrativ Akte vun engem reglementaresche
- direkten Appell géint administrativ Reglementer
De President vum Verwaltungsgeriicht ass kompetent fir Entscheedungen zu provisoresche Moossnamen am Kader vun den Appeller virum Verwaltungsgeriicht ze huelen (administrative Référé).
Zesummesetzung
D'Verwaltungsgeriicht besteet aus 21 Magistraten an huet 5 Kummeren, an deenen all Kéier dräi 3 Magistrate siegéieren.
Eegenaart
An der administrativer Geriichtsbarkeet (Tribunal administratif a Cour administrative) gëtt e kee Ministère public.
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ (fr)Loi du 12 juillet 1996 portant révision de l'article 95 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (12.07.1996). Gekuckt de(n) 15.12.2024.
- ↑ (fr)Loi du 7 novembre 1996 portant organisation des juridictions de l'ordre administratif. data.legilux.public.lu (07.11.1996). Gekuckt de(n) 15.12.2024.