Den Traité fir d'Grënnung vun der Europäescher Unioun och Traité vu Roum genannt ass den Nofollger vum Traité fir d'Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsunioun, dee beim Traité vu Maastricht vum 7. Februar 1992 ofgeännert an ëmbenannt gouf.
De Vertrag gouf an der Zäit duerno zweemol geännert an zwar eng éischt Kéier mam Vertrag vun Amsterdam den 2. Oktober 1997 a fir d'zweet mam Vertrag vun Nice de 26. Februar 2001.
Mam Vertrag vu Lissabon deen den 13. Dezember 2007 ënnerschriwwe gouf, ware ganz vill Ännerunge gemaach ginn an e krut och säin haitegen Numm Vertrag iwwer d'Funktionéiere vun der Europäescher Unioun.