Den Théo Malget, gebuer den 2. Mäerz 1961 zu Wolz, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] a Kriminellen.
Tëscht dem 27. Abrëll 1982 am 27. Oktober 1993 huet den Théo Malget a 47 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp dräi Goler geschoss[2].
Hien huet vun 1981 bis 1985 fir den FC Wolz 71 gespillt, duerno war hie vun 1985 bis 1987 beim Avenir Beggen. An der Saison 1987/88 war hie beim 1. FC 08 Birkenfeld an duerno nees vun 1988 bis 1995 beim FC Wolz 71[3].
Säi Jong Kevin ass och Foussballspiller.
Hien ass am Januar 2013 zu 5 Joer Prisong, dovun 3 mat Sursis, wéinst Bedruch, Fälschung vun Dokumenter a Verontreiung vu friemem Kapital verurteelt ginn[4].
Referenzen
- ↑ Den Théo Malget op der Websäit vun der Football Database.eu
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Théo Malget op der Websäit vun European Football
- ↑ Den Théo Malget op der Websäit vun National Football Teams
- ↑ Cinq ans de prison pour un ex-Roude Léiw op lessentiel.lu