Den Thomas Byrne koum kuerz virun 1860 mat enger Grupp vun auslänneschen Ingenieuren an Techniker ënnert der Leedung vum Edmond Le Gallais op Lëtzebuerg. Dës Leit, déi op de Bau vun Eisebunnsbrécke spezialiséiert waren, hunn ë. a. beim Bau vun de Brécken op der Nordstreck matgeschafft an déi brittesch Firma Waring Brothers ënnerstëtzt.
Nodeems d'Eisebunn bis an d'Gebitt vun de belsche Schmelze gebaut war an am Minett och déi nei Strecke vu Beetebuerg op Esch a weider op Däitsch-Oth grad wéi Näerzeng-Rëmeleng op waren, huet den Thomas Byrne sech fir déi lokal Minièren interesséiert. Hien huet verschidden äerzhalteg Terrainen um Téitenger a Rëmelenger Flouer kaaft, ë. a. op Kolscheid a besonnesch a Walert, där Minn, déi der MMR gehéiert huet an 1963 zougemaach gouf.
Den Thomas Byrne huet säi Betrib patriarchalesch geleet. Och wann hie vum Gesetz hier zu kenge Sozialleeschtunge verflicht war, huet hien awer eng Zort Betribskichen ageriicht, an där hien de Mineuren, déi Dag fir Dag schwéier geschafft hunn, op seng Käschten zousätzlech Moolzechte verdeelt huet.
Am Ufank vun den 1880er Joren huet hien an der Rue des Martyrs en herrschaftlecht Haus baue gelooss, mat baussenzegen Elementer vum engleschen Architekturstil. An de Ställ nieft dem Haus stoungen dem Byrne seng Grouewepäerd. Wéi d'Rëmelenger Schmelz 1888 vun der neier Société des hauts-fourneaux de Rumelange iwwerholl gouf, ass d'Thomas-Byrne-Haus un de lokale Grouwebesëtzer Boever-Mettelock iwwergaangen.
Den Thomy Byrne ass den 9. September 1884 an der Stad gestuerwen. D'Rëmelenger Minn ass u seng Wittfra Geneviève Byrne-Baustert gaangen, déi d'Minn nach eng Zäit laang bedriwwen huet. Nom Byrne seng Doud ass d'Geneviève Byrne-Baustert an d'Stad geplënnert wou si hir lescht Joren an der Fondation Pescatore verbruecht huet.
Den Thomy Byrne grad ewéi seng Fra sinn um Nikloskierfecht begruewen.
Éierungen
Fir un den Thomas Byrne z'erënneren, sinn am Stater Quartier Hamm an zu Téiteng jeeweils eng Strooss no him genannt[1].
Um Spaweck
Aus dem Minett In: Luxemburger Wort, 113. Jg., n° 238 (25.08.1960), S. 4.