Den Théophile Jean Baptiste Funck och nach bekannt ënner dem Numm Théophile Funck-Brentano, gebuer den 21. August 1830 an der Lantergässel an der Stad[1] a gestuerwen den 23. Januar 1906 zu Montfermeil, war e lëtzebuergesche Soziolog an Dokter an der Medezin.
Hien huet haaptsächlech zu Paräis geschafft wou hien ënner anerem Arméisdokter war a Chef vum Service de statistique vum Finanzministère.
Hie war och Professer op der École libre des sciences politques an de Grënner vum Collège libre des sciences économiques et sociales.
Hie war de Papp vum Frantz Funck-Brentano an der Claudine Funck-Brentano an de Brudder vum Alphonse Funck.
Fir un den Théophile Funck-Brentano z'erënneren ass a Clausen eng Strooss no him benannt.
Literaresch Wierker
- Philosophie et lois de l'histoire, Didier, Paräis, 1859
- Les Sciences humaines, philosophie, médecine, morale, politique, A. Lacroix, Verboeckhoven et Cie., Paräis, 1868
- La Pensée exacte en philosophie,Lacroix, Verboeckhoven et Cie, Paräis, 1869
- La Civilisation et ses lois, morale sociale, E. Plon, Nourrit et Cie, Paräis, 1876
- Les Sophistes grecs et les sophistes contemporains(anglais), 1879, Plon
- Les Principes de la découverte, E. Plon, Nourrit et Cie, Paräis, 1885. De kompletten Titel ass Les Principes de la découverte, réponses à une question de l'Académie des sciences de Berlin.
- Les Sophistes allemands et les nihilistes russes, E. Plon, Nourrit & Cie, Paräis, 1887
- La Logique de Port-Royal et la science moderne, A. Picard, 1890. De kompletten Titel ass: La Logique de Port-Royal et la science moderne, lecture faite à l'Académie des sciences morales et politiques.
- L'Homme et sa destinée, E. Plon, Nourrit et Cie, Paräis, 1895
Gielercher[2] an Éierungen
An der Stad Lëtzebuerg gouf eng Strooss no him genannt.[4]
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Etat Civil vun der Stad Lëtzebuerg Gebuertsakt 313/1830 vum 23. August 1830 Säit 207
- ↑ Biographie vum théophile Funck-Brentano an der N°35 vun der Luxemburger Illustrierte vum 25. August 1925
- ↑ Mémorial A N° 13 vum 19. Februar 1878 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
- ↑ L-1544