D'Synagog vun Esch Uelzecht gouf tëscht 1953 an 1954 vum Escher Entreprener N. Moia no Pläng vum Lëtzebuerger Architekt Christian Scholl gebaut. De Grondstee gouf den 30. Abrëll1953 geluecht; de 17. Oktober1954 gouf se ageweit. D'faarweg Fënstere si vum Atelier Linster vu Munneref.
Si steet an der Kanalstrooss, um Eck mat der Dicksstrooss, e puer honnert Meter vun där Plaz ewech, wou déi éischt Escher Synagog stoung.
Geschicht
Déi éischt Escher Synagog gouf den 28. Juli1899 ageweit. De Grondstee war den 21. Juli1898 geluecht ginn, d'Pläng ware vum Charles Arendt. Si stoung op der Vinzenz-Plaz an hat bannena Plaz fir 150 Leit.
Den 3. Juni1941 gouf se vum nationalsozialisteschen Okkupant dem Äerdbuedem gläichgemaach. D'Plaz, déi zanterhier eidel stoung, gouf 1985 a Place de la Synagogue ëmbenannt. 2004 gouf do e Monument opgeriicht, dat un déi Escher Judden erënnert, déi an d'Vernichtungslageren deportéiert an do ermuert goufen.
D'Communautéit vun Esch-Uelzecht beschreift sech selwer als eng ganz villfälteg Gemeinschaft. Hei begéine sech deemno traditionalistesch Judden, déi virun allem vun Esch selwer kommen, liberal Judden, haaptsächlech aus der Stad, expatriéiert oder international Judden, awer och interreliéis Koppelen, wou ee Partner Judd ass an deen aneren net. De grousse Succès vun dëser Gemeinschaft erkläert sech duerch hir Sproochevillfalt, dorënner virun allem frankophon an anglophon Aflëss.[1]
Literatur
Antoinette Reuter: Die Synagoge, Historisches und Archtektonisches Esch (68), tageblatt 4./5.Juli 2020, S. 28 // tageblatt.lu
Georges Buchler: Esch 1940-1944, Synagoge, Historisches und Archtektonisches Esch (68), tageblatt 28 . Juni 2020 // tageblatt.lu
Paul Cerf, Isi Finkelstein: Les Juifs d'Esch - Déi Escher Judden. Chronique de la Communauté juive de 1837 à 1999. Édition des Cahiers Luxembourgeois, 1999.