Schilthorn

Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schilthorn
Lokalisatioun
Land Schwäiz
Gemeng Bern
Koordinaten 46°33'26"N, 7°50'7"O
Héicht 2.970 m
D'Aussiichtsplattform um Schilthorn

D'Schilthorn ass eng 2.970 m héich Biergspëtzt am Berner Oberland an der Schwäiz, déi iwwer Lauterbrunnen a Mürren erreecht ka ginn.

Do bitt sech engem e phantastesche Panorama vum Titlis, Jungfrau, Mönch, Eiger, iwwer d'Berner Alpen an de Jura bis zu de Vogesen an de Schwarzwald.

Op d'Schilthorn kënnt een zënter 1967 mat enger Seelbunn, déi a véier Sektiounen (Stechelberg – Gimmelwald, Gimmelwald – Mürren, Mürren – Birg, Birg – Schilthorn) op d'Spëtzt féiert. Dës Spëtzt läit 1.320 m méi héich wéi d'Dallstatioun. Wéi se gebaut gouf, war si déi längst Loftseelbunn an Europa.

De 14. Dezember 2024 ass eng nei Seelbunn, d'Schilthornbunn 20XX, opgaangen, mat där et elo eng Direktverbindung tëscht Stechelberg a Mürre gëtt. Dës nei Seelbunn ass mat enger Steigung vun 159,4 Prozent déi géist Seelbunn op der Welt. D'Bunn huet eng Längt vu bal 1.194 Meter a meeschtert en Héichtenënnerscheed vu 775 Meter; den Trajet vum Dall bis op d'Biergduerf Mürren dauert véier Minutten.[1]

Am Panoramarestaurant Piz Gloria an op den Häng vum Schilthorn gouf 1969 den James-Bond-Film On Her Majesty's Secret Service gedréit.

Dat eelst a populäerst Volleksschirenne vun der Welt, den Inferno-Offaartslaf gëtt all Joer, ëm den 20. Januar hei organiséiert. D'Streck vun dëser inoffizieller Laangstrecken-WM féiert vum Schilthorn bis op Lauterbrunnen. Déi Bescht brauche fir dës 16 km laang Streck knapps 15 Minutten.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Schilthorn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. (de)Die steilste Seilbahn der Welt ist eröffnet!. Mynewsdesk (14.12.2024). Gekuckt de(n) 14.12.2024.