De Roberto Rastapopoulos ass "de Béisen" aus Dem Tintin seng Geschichten, dee bei all ongënschteg Geleeënheet opdaucht, fir deenen aneren ze schueden.
Optrëtter
De Rastapopoulos ass schonn an Amerika mat dobäi; do ass en dem Tintin säin Dëschnoper bei der Receptioun.
Bei den Zigare vum Pharao begéint den Tintin hien um Schëff fir op Port-Said vu wou de Béise weider an Arabie fiert wéinst den Dréiaarbechten un engem Film; mä dat ass alles nëmmen Tarnung, wéi een am Bloe Lotus gesäit.
Am Coke en stock verstoppt e sech hannert dem PseudonymMarquis di Gorgonzola an ass Direkter vun der Arabair, eng Firma, déi net vill Guddes mécht.