De Rigel ass den hellste Stär am StärebildOrion an dee siwenthellste Stär um Himmel. Säin Numm kënnt vum arabeschen Rijl Jauza al-Yusra a bedeit „lénkse Fouss vum Mëttelsten“ (?). An der Astronomie gëtt hien als β Orionis bezeechent. Hien ass en Deel vum Wantersechseck.
Seng Distanz läit tëscht 700 an 900 Liichtjoer; d'Hipparcos-Raumsond huet 773 Liichtjoer gemooss. Bei sou Distanzen ass de Feelerberäich allerdéngs grouss.
Et gëtt ugeholl, datt de Rigel e Dräifachsystem ass, an deem den Haaptstär Rigel A vu zwéi méi klenge Begleeder, Rigel B an C, op enger Distanz vun 2000 AE ëmkreest gëtt. De B an C ëmkreese sech op enger Distanz vun 28 AE.
De Rigel ass an engem Beräich, an deem vill interstellar Matière ass, a bréngt wéinst senger Liichtkraaft méi Stëbswolleken un d'Liichten. Eng dovun ass de Päerdskappniwwel mat der Bezeechnung IC 2118.