Saragossa (sp.: Zaragossa) ass eng vun dräi Provënzen am Nordoste vun der spuenescher Regioun Aragonien. D'Haaptstad ass Saragossa.
Saragossa grenzt un d'Provënzen Lérida, Tarragona, Teruel, Guadalajara, Soria, La Rioja, Navarra an Huesca.
D'Provënz ass mat enger Fläch vu 17.274 km² déi véiertgréisste Provënz a Spuenien. Si huet am Joer 2007 932.502 Awunner. Gréisser Stied nieft der Haaptstad si Calatayud, Ejea de los Caballeros an Utebo mat iwwer 15.000 Awunner (2007).
Saragossa ass a 16 Comarcas agedeelt.
Um Spaweck