Hien huet vun 1892 bis 1895 zu München op der Königliche Bayerische Technische Hochschule Architektur studéiert, an huet sech, no engem Joer Stage zu Paräis a Reesen an de Midi vu Frankräich an an Algerien, 1896 als Architekt néiergelooss.[1]
1900 ass hie mat senger Famill op Esch-Uelzecht geplënnert a gouf do 1901 Stadarchitekt. Ënnert senger Leedung gouf d'Deviatioun vun der Uelzecht an d'Verlängerung vun der Uelzechtstrooss bis op d'Brillplaz, mat hiren Niewestroossen, souwéi d'Urbaniséierung vum Brill-Quartier ausgeschafft.
1907 gouf hien zum Architekt vum der neier Industrieschoul, dem spéidere Jongelycée, ernannt. Wärend dem Bau koum et zu Meenungsverschiddenheeten ë. a. mat den Entrepreneren Armand Spoo an Nicolas Hoffmann. Wéi de Spoo 1909 zum neie Buergermeeschter gewielt gouf, an den Hoffmann Schäffe gouf, huet et net laang gedauert, bis de Flesch entlooss gouf. Hien huet dat net op sech sëtze gelooss, huet dergéint geklot a sech selwer bei den nächste Walen opgesat, a gouf och gewielt. Hie war bis 1912 Gemengerot, dono nach eng Kéier vun 1914 bis 1917. Mä schonn 1915 huet hie, wéinst senger ausgesprachener Frankophilie, missen d'Land verloossen a goung mat senger Famill op Paräis. Do huet hien eng Hëllefsorganisatioun fir déi fräiwëlleg Lëtzebuerger an der Friemelegioun gegrënnt,
Nom däitschen Iwwerfall 1940 ass de Paul Flesch, dee seng Sympathie zu Frankräich net verstoppt huet, fir e puer Méint an de Prisong komm. Staark dovu gezeechent huet hie sech dono no an no aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn. Déi lescht Joren huet hien um Briddel, bei enger vu sengen Duechteren, gewunnt.
Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, Ss. 172-173
Scuto, Denis (2006). Paul Flesch. (1870-1955). Architecte de la Ville et bâtisseur de la Liberté. Ss. 60-71. In: 100 Joer Esch. 1906-2006. Ville d'Esch-Alzette, 2006, ISBN 2-87954-149-2.