D'Par Mëllerdall Saint-Michel ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Zentrum an ersetzt déi 10 fréier Pare Chrëschtnech, Kruuchten, Eppelduerf, Hiefenech, Fiels, Miedernach, Meesebuerg, Noumer, Steeën a Waldbëlleg. Angelsbierg, déi fréier Filial vun der Par Meesebuerg gëtt ofgetrennt.
D'Par läit um Gebitt vun de Gemengen Hiefenech, Fiels, Noumer, Ärenzdall a Waldbëlleg.
De Patréiner vun der Par ass den hellege Méchel.
Zanter dem 1. Mäerz 2020 ass d'Kierch an der Fiels d'Parkierch.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Christnach, Cruchten, Eppeldorf, Heffingen, Larochette, Medernach, Meysembourg, Nommern, Stegen et Waldbillig et sur l'érection de la paroisse « Mëllerdall Saint-Michel » Archivéiert de(n) 09.07.2017. Gekuckt de(n) 11.05.2017.