Den Observatoire vu Meudon gouf 1875/76 vum Jules Janssen op den Terrasse vum ofgerappte Schlass zu Meudon opgeriicht.
Den astrophyseschen Observatoire war haaptsächlech bestëmmt fir d'Sonn z'observéieren.
Déi éischt Applikatioune fir d'Analys vum Liicht goufen do ausgefouert.
An der Kuppel vum Haaptgebai gouf en 83 cm Teleskop agebaut fir Planéitenobservatiounen ze maachen. Spéider goufen zwou Kuppelen hanner dem Gebai opgeriicht an deenen en 100 cm an e 60 cm Teleskop stinn.