Den Observatoire vu Calern ass en Observatoire a Frankräich um Plateau Calern op enger Héicht vun 1270 m, e puer Kilometer ewech vum Plateau Caussols, nërdlech vun der Stad Grasse.
Den Observatoire huet bis 1988 zum Centre d'Etudes et de Recherches Géodynamiques et Astronomiques, kuerz CERGA gehéiert. Bei der Reorganisatioun an Opléisung vum CERGA gouf den Observatoire de Calern en Deel vum neigegrënnten Observatoire vun der Côte d'Azur.
Instrumenter
Den Observatoire huet eng Schmidtkamera mat 90 cm Ëffnungs- an 1,52 m Spigelduerchmiesser. Ënner dem Antoine Labeyrie goufen eng Rei Interferometeren entwéckelt, dorënner den I2T[1], GI2T[2], dat lescht bestoung aus zwéi Spigelteleskope mat engem Duerchmiesser vun 1,5 Meter, déi iwwer Schinnen op Basislängten tëscht 13 a 65 Meter opgefouert konnte ginn. Donieft gët et Prototyppe vun Eenzelteleskopen deenen hir Kombinatioun fir e giganteschen Teleskop-Projet (Optical Very Large Array, OVLA) ënnersicht goufen. E weideren Interferometer ass de Soirdete[3] dat duerch zwéi 1-Meter-Teleskope gebilt gëtt.
Weider sinn am Observatoire zwéi Laser fir Distanzmiessung vum Äerdmound oder zu Satellitten opgebaut.
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Faucherre, M., Bonneau, D., Koechlin, L., Vakili, F.: Stellar interferometry - Diameters and effective temperatures of five giant stars Astronomy and Astrophysics, vol. 120, no. 2, April 1983, p. 263-268.
- ↑ Mourard, D.; Tallon-Bosc, I.; Blazit, A.; Bonneau, D.; Merlin, G.; Morand, F.; Vakili, F.; Labeyrie, A.: The GI2T interferometer on Plateau de Calern
1994, Astronomy and Astrophysics, vol. 283, no. 2, p. 705-713
- ↑ Mekarnia, D., Gay, J. Infrared multispectral interferometry, Astronomy and Astrophysics, vol. 238, no. 1-2, Nov. 1990, p. 469-474.