Noen InfraroutAls noen Infrarout (NIR) gëtt de Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum genannt, dee sech a Richtung vu méi grousse Wellelängten un dat visuellt Liicht uschléisst. De Beräich vum Infraroutliicht streckt sech vu 780 nm bis 3 µm an ëmfaasst sou d'Spektralberäicher IR-A an IR-B. Feststellen op DistanzBeim Feststellen op Distanz déngt dat not Infrarout ënner anerem bei der Analys vu Loft- a Satellittebiller fir d'Beuerteelung vun der Vitalitéit vun der Vegetatioun. Am noen Infrarout huet Chlorophyll eng däitlech, ongeféier 6-mol, méi héich Reflektivitéit wéi am visuelle (besonnesch grénge) Spektrum. Dësen Effet fir d'Erkenne vu Vegetatioun benotzt. Dobäi gëtt e Bild am visuellen (haaptsächlech am roude) Spektrum an am noen Infrarout gemaach. Notzobjeten hu souwuel am visuelle wéi och am noen Infraroutberäich eng änlech Reflektivitéit, wärend chlorophyllhalteg Vegetatioun am noen Infrarout en däitlech méi héije Reflexiounsgrad huet. Sou kënnen z. B. och gréng Notzobjete vun der grénger Vegetatioun ënnerscheet ginn. SignaliwwerdroungTechnesch gëtt dee Beräich an optesche Glasfasere benotzt fir Signaler z'iwwerdroen. En gëtt dofir an en ettlech Frequenzbänner ënnerdeelt.
MedezinMedezinesch gëtt de Beräich vun ongeféier 700 bis 1100 nm wéinst der Transparenz vum opteschen Apparat an der Aentherapie (Ophthalmologie) souwéi bei der Diagnos (zum Beispill: Optesch Kohärenztomografie) wéi och bei der Chirurgie (zum Beispill: Uschweesse vun der Netzhaut) benotzt. Jee no Wellelängt ënnerscheet sech dobäi och d'Afléissdéift vun der Stralung. Chimie an AstronomieAn der Chimie an an der Astronomie ka mat Hëllef vun der Infraroutspektroskopie (Absorptiounsbänner) d'Existenz vu Moleküllen respektiv funktionelle Gruppen nogewise ginn, beispillsweis Azeton a Waasser respektiv CH- an OH-Gruppen. Literatur
ReferenzenInformation related to Noen Infrarout |