Den NGC 6369 ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Ophiuchus, dee ronn 5000 Liichtjoer vun der Äerd ewech läit. NGC 6369 gouf vun engem ale Stär mat der Bezeechnung HD 158269 gebilt, wéi dee säi baussenzege Mantel ofgesprengt huet.
Den Duerchmiesser vum Rankniwwel ass ee Liichtjoer.
Entdeckung
De planetareschen Niwwel NGC 6369 gouf den 21. Mee 1784 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.
Kuckt och
Um Spaweck